Radioen

On air

De Moien  |  Portugal: "Influencer" Affär geet an dei zweet Instanz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Margrethe Vestager: "Mir musse weider Fäll ënnersichen"

STEIEREVASIOUN

Margrethe Vestager: "Mir musse weider Fäll ënnersichen"

D'EU-Kommissioun wëll viru géint Steierevasioun virgoen, andeems ënnersicht gëtt, wou d'Länner Entreprisen illegal Staatsbäihëllefen zoukomme loossen. Dat seet d'EU-Kommissärin Margreth Vestager am 100,7-Interview. Si setzt awer och op international Accorden.

auto_stories

3 min

D'Prozedure si laangwiereg an opwänneg: Sinn Enquête géint illegal Staatsbäihëllefen iwwerhaapt dat richtegt Instrument, fir géint Steierevasioun virzegoen? D'Äntwert vun der Dänin, déi international dofir bekannt ass, datt si et mat Apple, Google a Co ophëlt, fält manner kloer aus, wéi schonn an der Vergaangenheet.

"Et ass eent vun den Instrumenter", seet d'Margrethe Vestager. Si war déi, déi an der Kommissioun drop gepocht huet, datt d'EU sollt d'Konkurrenzrecht als Basis huelen, fir géint Steierevasioun virzegoen.

Dat funktionéiert esou: Kritt eng Entreprise extra Konditioune wat d'Steiersätz ugeet, déi onfair par rapport zu aneren sinn, gëtt dat als illegal Staatsbäihëllef ugesinn. An deem Fall gëtt d'Kommissioun aktiv a forcéiert dee Staat, déi Steieren, déi net bezuelt goufen anzedreiwen. Sou geschitt mat Amazon zu Lëtzebuerg.

Der Kommissioun no hätt d'Entreprise missen 250 Milliounen Euro Steieren un de Lëtzebuerger Staat zeréckbezuelen. Deen awer wollt déi Suen net, hat géint d'Decisioun vun der Kommissioun geklot... a viru Geriicht Recht krut.

Et wier bis elo awer a kengem Urteel de Prinzip vun der Approche vun der Kommissioun a Fro gestallt ginn, stellt d'Margrethe Vestager am 100-Komma7- Interview kloer:

"D'Geriicht huet souwuel an deene Fäll, wou mer gewonnen hunn, wéi an deene déi mer verluer hunn, confirméiert, datt mir dat Instrument benotze kënnen."

Fir d'Kommissärin stellt fest:

"Mir brauchen dat Instrument vun der Staats-Bäihëllef, mir musse weider Fäll opdecken"

Nächst Etapp: Internationalen Accord iwwer Mindest-Steiersaz

Allerdéngs geet dat net duer, sou d'Margrethe Vestager. Decisiv wier et och, datt d'Länner hir national Gesetzer änneren, an dat wier och deels geschitt.

"Lëtzebuerg huet een Deel vun de Gesetzer geännert, genee ewéi Zypern an och Malta."

D'Margrethe Vestager schéngt dernieft méi ewéi jee op een internationalen Accord iwwert d'Besteierung vu groussen Entreprisen ze setzen.

"Hei hu mer elo de Format op OECD-Niveau, wou eng 180 Länner sech eens sinn, datt grouss Entreprisë Steieren do sollte bezuelen, wou se och aktiv sinn an datt et sollt ee Mindest-Steiersaz vu 15 Prozent ginn. Déi nächst Etappean eisem Kampf fir Steiergerechtegkeet ass et also, datt deen Accord och wierklech ëmgesat gëtt."

Am Endeffekt géif et net just eng Léisung, sou d'EU-Kommissärin. Et misst ee weider op d'Instrument vun de Staatsbäihëllefe setzen, d'Länner missten un hirennationale Gesetzer schaffen an et wier néideg, deen internationalen Accord ofzeschléissen.

D'Kommissärin kann näischt verspriechen

Allerdéngs wäert sech och dat alles nach hinzéien. Doraus ergëtt sech d'Fro: Dat brauch also Zäit, an der Tëschenzäit profitéieren d'Entreprisë viru vun de niddrege Steieren. Ginn hei also net falsch Verspriechen un d'Bierger gemaach?

"Ech probéiere wierklech, net iergendengem iergendeppes ze verspriechen", ass d'Ätnwert vun der Kommissärin. Et géif eben net déi eng Léisung, ma et misst een op d'Kombinatioun vun de verschiddene Weeër setzen, sou d'Margrethe Vestager.

"Ech hu geléiert, datt ee muss Gedold hunn, wann et em Verännerungen op deem Gebitt geet. An ech kann dowéinst gedëlleg bleiwen, well ech gesinn, dat mer Progrèse maachen. Ma ech ka kengem Steiergerechtegkeet verspriechen, ech ka just verspriechen, datt ech mäi Bescht ginn, fir dat ze erreechen."