Marceline Waringo (KPL) - Roland Kirsch (ADR)

Integratioun, Wahlrecht, Index a sozial Rechter waren d’Themen am Face-à-Face de 25. September tëscht de Kandidate vu KPL an ADR. D’Wahlrecht muss béide Parteien no un d’Nationalitéit gekoppelt ginn. D’KPL fuerdert, dass d'Sprooche-Kritäre fir d’Nationalitéit ze kréien, erofgesat ginn. D’ADR wëllt déi aktuell Kritäre bäibehalen. „Et ass net kontradiktoresch, datt d’ADR engersäits d’Wahlrecht un d’Nationalitéit koppelt, an op där anerer Säit d’Bedeelegung vun de Bierger duerch de Modell vum Referendum wëllt stäerken", esou d’Ausso vum Roland Kirsch, ADR-Kandidat am Norden.

„A ville Secteure vun der Economie ginn et keng Kollektiv-Verträg, dowéinst muss den Indexsystem erhale bleiwen. Well d’Liewen zu Lëtzebuerg esou deier ass, muss och de Mindestloun ëm 20 % an d’Luucht goen“, esou d'Marceline Waringo, KPL-Kandidatin am Süden. Béid Parteie plädéiere fir d'Erhale vum automatesche Loun-Index. Ob e gerett ass, dat géing vun der nächster Regierung ofhänken.

Programm

Net verpassen

  • De radio 100,7 sicht Redakteren/Animateuren

    radio 100,7

    De radio 100,7 sicht fir seng Magasinn-Redaktioun 1 Redakter/Animateur (m/w) 20 St/W (CDD 1 Joer)
    an 1 Redakter/Animateur (m/w) 40 St/W (CDI) fir direkt ze engagéieren.

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen