Am Luxembourg Institute of Finance and Technology (LIST) géif vill geschafft ginn a vill Projete géifen ugaange ginn, esou de Marc Hansen. Wann de Verwaltungsrot entscheed hätt, den Depart vum Generaldirekter Gabriel Crean ze decidéieren, da géif et Grënn ginn, esou den Héichschoul- a Fuerschungsminister Et wier d’Missioun vum Verwaltungsrot fir d'Alldagsgeschäft richteg anzeschätzen. De Marc Hansen war am Virfeld kuerzfristeg iwwer dës Personalentscheedung informéiert ginn. "Wéinst den Autonomiegrënn hunn ech mech do natierlech net anzemëschen", esou de Minister.
De LIST gëtt et zënter Ufank 2015: Entstanen ass en aus der Fusioun vun de béide Fuerschungszenteren Henri Tudor a Gabriel Lippmann. Den Etablissement public kritt pro Joer ronn 40 Milliounen Euro vum Staat. Den Depart vum Gabriel Crean beim “Luxembourg Institute of Science an Technology” war den 11. Oktober matgedeelt ginn.
An der geschriwwener Presse war an de leschten Deeg vun aneren Demissioune vu Fuerscher beim LIST rieds gaangen. Hie géif d’Hannergrënn net kënnen, seet dozou de Marc Hansen. Verschidden Departen hätten awer domat ze dinn, datt d'Fuerscher Zäitverträg gehat hätten. Dat eenzegt, wat de Marc Hansen géif interesséiere wier, datt de LIST an Zukunft positiv mat all senge Fuerscher kéint schaffen.
Gudden Image?
De President vum LIST-Verwaltungsrot an den Interims-CEO Fernand Reinig hätten him rezent gesot, datt d’Zukunft fir de LIST ganz positiv ausgeséich, esou de Fuerschungsminister. Et wéilt een dem Marc Hansen no alles maachen, fir de Fuerschungszenter op deem Niveau ze halen, op deem e wier.
Den DP-Minister betount, hie géif mengen, datt den Image vum Institut am Ausland ganz positiv ausgeséich. Dat géif een un de ville Projeten a Kooperatioune mam Ausland mierken. "Wann den Image oder d'Qualitéit vun der Aarbecht am LIST net op engem korrekten Niveau wieren, da géif keen aus dem Ausland mat hinnen zesumme schaffen."
Logementspolitik: méi Budget fir 2017
De Marc Hansen, deen zënter ronn zéng Méint och Logementsminister ass, huet dernierft d'Regierungspläng a Saache Wunnengsbau kommentéiert. Am Projet fir de Staatsbudget 2017 sinn am Departement Logement 210 Milliounen Euro virgesinn. Dat si ronn véier Prozent méi wéi dëst Joer. Virun allem am Beräich soziale Logement misst een aktiv ginn, huet de Marc Hansen ugekënnegt.