Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Badbadnotgood - Take What's Given

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Marc Angel: "Rosen a schockéiert" iwwer Korruptiounsvirwërf

Europaparlament

Marc Angel: "Rosen a schockéiert" iwwer Korruptiounsvirwërf

Wéinst dem Korruptiounsskandal fuerdert den Europadeputéierte Marc Angel d'Vizepresidentin vum Europaparlament Eva Kaili op, hiert Mandat als Deputéiert ofzeginn. Den LSAP-Politiker schwätzt vun enger Attack op d'Demokratie.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow

Rosen a schockéiert reagéiert de Lëtzebuerger Europadeputéierte Marc Angel op de Korruptiounsskandal am Europaparlament.

Déi griichesch Deputéiert Eva Kaili war virun e puer Deeg festgeholl ginn, zesumme mat dräi anere Persounen. Si stinn am Verdacht Sue vum Katar ugeholl ze hu fir Decisiounen ze beaflossen.

Transparent a konsequent d'Evenementer opklären

Bis elo ass just déi sozialistesch Fraktioun am Europaparlament betraff: De Marc Angel seet, hie wier iwwerrascht vun deenen Entwécklungen.

Seng Fraktioun misst elo "transparent a konsequent sinn", an alles maache fir déi Evenementer opzeklären. D'EU-Kommissiounspresident Ursula von der Leyen huet vu ganz grave Reprochë geschwat.