Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Lucy Rose - Over When It's Over

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mannerjäreger a griichesche Flüchtlingscampen: Asselborn fuerdert europäesch Léisung

Flüchtlingskris a Griicheland

Mannerjäreger a griichesche Flüchtlingscampen: Asselborn fuerdert europäesch Léisung

Dausenden net-begleete Mannerjäreger sinn an den iwwerfëllte Flüchtlings-Campen op de griicheschen Inselen. D'EU Kommissioun fuerdert d'EU Memberlänner op, Betraffener bei sech opzehuelen. Dat géif nëmme goen, wann all EU Land mat mécht, seet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. An deem Fall wier et fir Lëtzebuerg méiglech, zéng Mannerjäreger aus Griicheland hei am Land opzehuelen.

auto_stories

2 min

Wéi vill Mannerjäreger an deene Campe sinn ass onkloer. Rieds ass tëschent 2.000 a 4.000. De Jean Asselborn sot eis, hien hätt déi Zuel vu 4.000 nach net offiziell vu Bréissel confirméiert kritt.

A sengen Ae wier et gutt, wann d'Europäesch Kommissioun eng komplett Analys vun der Situatioun géif maachen, zesumme mat Griicheland. Fir dann ze kucken, datt all EU Land mat mécht:

Dat wier keng all ze grouss Laascht fir keen. Wann een eng Règle de tri mécht, wann dat 4.000 Jugendlecher wieren, bei 450 Millioune Leit, déi an der EU wunnen (wann ee Groussbritannien ewech zielt), da missten néng Jugendlecher pro Millioun Awunner opgeholl ginn, wat näischt Onméigleches ass. Fir Lëtzebuerg heescht dat, mir si jo keng Millioun, mee ech mengen, mir misste bestëmmt bis zu zéng Kanner a Jugendlecher kënnen huelen.

De Jean Asselborn betount, iwwer de Wee vu bilateralen Akkorde kéint, senger Meenung no, hei keng Léisung fonnt ginn. Dat géif nëmme goen, wann et europäesch organiséiert gëtt.

Flüchtlings-Zuelen aus der Tierkei no Griicheland

De Jean Asselborn huet nach preziséiert, datt hien déi lescht Zuele vu Flüchtlingen, déi aus der Tierkei a Griicheland koumen, zu Bréissel nogefrot hätt:

  • Ronn 70.000 Leit wieren 2019 aus der Tierkei a Griicheland komm.
  • Déi meescht dovunner, 54.000 Leit, wieren iwwer d'Mëttelmier op déi griichesch Insele komm.
  • 13.000 Leit wieren iwwer d'Land komm, iwwer de Floss Evros.

Beim Trajet iwwer Land (an de Floss Evros) géif et och nach e Problem ginn. Griicheland géif nämlech do Leit direkt nees zeréckweisen. Dem Jean Asselborn no, wieren dës sougenannten "push back" Aktiounen, op Grond vun der Genfer Konventioun, net erlaabt.

Jean Asselbornplay_arrow