Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manner Kultur, méi Crémant?

Esch 2022

Manner Kultur, méi Crémant?

An engem knappe Joer ass de Startschoss fir Esch als Europäesch Kulturhaaptstad. Deene Responsabele vun Esch2022 feelt et mat hirer wirtschaftsliberaler Approche u Respekt fir déi Kulturschafend a Versteesdemech dofir, wéi de Secteur funktionéiert, mee fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt, tréischt d'Michèle Sinner a sengem Kommentar.

auto_stories

4 min

Wéi Esch2022 virun e puer Wochen op de soziale Reseauen eng Offensiv mat Portraite vun der Generaldirektesch Nancy Braun an där hir vill Talenter gestart huet, konnt ee sech scho wonneren. Tiens! Gouf et ee Joer virum Start ieren ausser der Nancy Braun näischt ze weisen? Keen interessante Projet, dee prett wier, fir dem Public Loscht op d'Kulturjoer ze maachen?

Wéi et schéngt, net wierklech. Bis elo sinn déi wéinegst Konventioune mat deenen, déi d'Projete maachen, ënnerschriwwen. Dat hänkt dorun, datt Esch 2022 selwer a Retard war. Allerdéngs, dat ass en aner Probleem, drëpst aus deene Konventiounen, déi dann elo an deene leschte Woche verschéckt goufen, de Mépris fir de Kultursecteur, d'Onverständnis, dofir wéi e funktionéiert a schafft an déi managerial, wirtschaftsliberal Approche nëmmen esou raus.

Porteurs de projets si fir alles responsabel

Graff resuméiert wälzt Esch2022 all Risike fir de Finanzement an d'Produktioun vu Projeten op seng "Partner" of a wäscht selwer d'Hänn ëmmer an Onschold. Dat fänkt beim Finanzement un an hält bei der Assurance, fir wann een am Public blöd gëtt, op.

Alles, mee wierklech alles, ass d'Responsabilitéit vun de Porteurs de projets, souguer ze garantéieren, datt Esch2022 fir näischt kann haftbar gemaach ginn - trotz Assurance. Am Géigenzuch dofir mécht Esch2022 vläicht e wéineg Reklamm fir d'Projeten, ass awer dozou net wierklech obligéiert. A finanzéiert bis zu 50 Prozent vum Budget - dacks manner. Dat alles a 17 Säite juristesche Jargon, déi en net-Initiéierten net versteet.

Dobäi - wa Kënschtler, Museker, Kulturschafender gutt Juriste wieren, géife se jo warscheinlech domat hir Sue verdéngen - net mat Konscht a Musek. Mee amplaz, datt déi Responsabel vun Esch2022 de Budget verdeelen, dee vum Kulturministère kënnt, fir Kulturprojeten ze realiséieren, versiche se d'Lëtzebuerger Kulturzeen a Workshoppen zu klenge Comptabelen, Bankeren oder Entrepreneuren ëmzëerzéien. Si solle wéi eng Start-Up hire Projet virun Investisseure "pitchen ". Also fir Geld a Material heeschen.

Kulturschafender brauche Sue fir ze schaffen

Dat ass net hir Aarbecht. Hir Aarbecht ass et Musek ze schreiwen, déi eis touchéiert an eist Liewe begleet, sech Spektakelen auszedenken, déi eis Laachen oder Kräischen dinn, Expoen ze kreéieren, déi eis zum Nodenken beweegen.

Fir déi Aarbecht musse se bezuelt ginn an dofir brauch et Geld, keng Sachspende vun der Epicerie ëm den Eck, vun deenen Esch2022 gäre schwätzt - oder sollen se ieren direkt bei d'Banque alimentaire goen?

Un deem Geld feelt et awer nach vill an dréngend. Dat huet déi fir de Sponsoring an de Networking zoustänneg Mataarbechterin vun Esch2022 - et war hir offensichtlech penibel - e leschte Freiden um Pressedag zouginn. Ouni ze soen, wéi vill feelt.

Et besteet nach ëmmer vill Onkloerheet

D'Nancy Braun sot e Méinde bei eis op der Antenn, si wéisst net, wéi vill Geld fir d'Projete bis elo bei deenen Networking-Eventer erakomm wier, déi Esch2022 organiséiert huet. Dat weist, manner wéi ee Joer virum Start, wéi soll ee soen, op d'mannst eng gewëssen "Insouciance" dofir, op d'Projete kënne gemaach ginn oder net.

Do ass jo e weidere Probleem. De Responsabele vun der ASBL, déi an hirer Kommunikatioun, - dofir sinn, niewelaanscht rappelléiert, zéng Milliounen Euro virgesinn am Verglach mat 20 Millioune fir de Kofinanzement vu Projeten - esou professionell wëlle wierken, geléngt selwer net wierklech, wat se vun de Kulturschafende verlaangen. Esch2022 hält sech nämlech verdächteg mat Aussoen zeréck, wat déi fënnef Milliounen Euro Sponsoring ugeet, déi si selwer solle fannen.

E Freiden um Pressedag krute mer ëmmerhin d'Nouvelle, datt e Wäiproduzent eng Crémant Cuvée Spéciale Esch2022 spent an eng Brauerei Béier. Domat kënnen déi Kulturschafend sech dann tréischten, deenen d'Zäit fir hire kreative Prozess an d'Realisatioun wéinst all de Retarden a Geldmangel knapps gëtt: och wann et vläicht manner Kultur gëtt, fir d'Gedrénks ass gesuergt!