Radioen

On air

Notturno  |  The Mauskovic Dance Band - Face

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manktem un Dialog: "ProVelo" kritiséiert d'Stad Lëtzebuerg

Infrastrukturen am ëffentleche Beräich

Manktem un Dialog: "ProVelo" kritiséiert d'Stad Lëtzebuerg

D'ASBL "ProVelo" kritiséiert, datt den Dialog mat der Stad Lëtzebuerg fir Vëlosinfrastrukturen net zefriddestellend wier. 2020 hätt et keen direkte Kontakt ginn. D'Stad stoung ënner der Woch och wéinst 0enger Etüd iwwer Foussgängersécherheet an der Kritik.

auto_stories

2 min

D'ASBL "ProVelo" kritiséiert, datt den Dialog mat der Stad Lëtzebuerg net gutt géif funktionéieren, wann et drëms geet d'Vëlosinfrastrukturen auszebauen.

2020 huet keen direkten Dialog stattfonnt

Et géif dacks laang daueren, bis d'Gemeng op Ufroen äntwert, esou d'Presidentin vu "ProVelo", d'Monique Goldschmit.

"Ganz dacks kommen Äntwerten op eis Froen, déi eigentlech keng Äntwerten op eis Fro sinn. An da schreiwe mer erëm e neie Bréif. A wat mer am Moment an der Stad Lëtzebuerg feststellen, ass datt den direkten Dialog, wou mer eis een, zwee mol am Joer gesinn - datt den Dialog 2020 net war. (...) Dat ass awer och d'selwecht mat Esch: Do hu mer och eng Entrevue gefrot, do kréie mer och keng Äntwert."

Et géifen awer och Gemenge ginn, wou de Schäfferot bereet ass de Vëlosfuerer entgéint ze kommen. Diddeleng wier e gutt Beispill dofir, esou d'Monique Goldschmit:

"D'Leit, déi do aktiv sinn, bréngen elo d'Politiker mat Ponts et Chaussée zesummen. An da klappt et."

Weider Kriticken un der Stater Gemeng

D'Stater Gemeng stoung dës Woch och wéinst enger anerer Affär an der Kritik.

"Eng déck Datz bei der Foussgängersécherheet", esou war e Mëttwoch de Moien en Artikel am Lëtzebuerger Wort iwwerschriwwen.

Den Titel bezitt sech op eng Etüd, déi viru sechs Joer vun engem Oochener Ingenieursbüro gemaach gouf, an d'Situatioun vun de Foussgänger an der Stad analyséiert. Kuerz nodeem de kriteschen Artikel publizéiert gouf war d'Etüd net méi online ze fannen.

De Patrick Goldschmidt, Stater Mobilitéitsschäffe betount, den zoustännege Gemengeservice hätt d'Dokument vu sech aus zréckgezunn, ouni datt et e politeschen Uerder gouf fir dat ze maachen.

Mëttlerweil wier d'Etüd erëm accessibel. Et wier kee "Geheimdokument", et wier wéinst de villen technesche Begrëffer just schwéier fir de Grand Public ze verstoen. De Patrick Goldschmidt wier awer der perséinlecher Opfaassung, "datt Dokumenter, déi mat ëffentleche Sue bezuelt sinn, datt déi och public sinn."