D'Mandat ka ganz banal Saache betreffen, wéi zum Beispill wie sech ëm Hausdéiere këmmert, oder och méi komplex Beräicher, wéi d'Gestioun vum Patrimoine.
De Projet ass schonn deposéiert, an iwwer d'Gesetz soll d'Méiglechkeet geschaf ginn, bestëmmt Froen ze klären éier se sech iwwerhaapt stellen. Ausgangspunkt ass en einfachen demographesche Constat, erkläert d'Justizministesch Sam Tanson:
"Mir wëssen, datt eis Populatioun ëmmer méi al gëtt, datt een also ëmmer méi en héije Risiko huet, seng Autonomie ze verléieren iergendwann eng Kéier. An dofir ass dat hei eben och en Instrument, dat et erlaabt, eegestänneg ze decidéieren, wéi d'Zukunft soll gehandhaabt ginn."
Mandater mussen um Parquet hannerluecht ginn
Dee Moment, wou eng Persoun enger anerer esou e Mandat fir d'Zukunft gëtt, muss se nach fit sinn, an dat mat engem Zertifikat vum Dokter noweise kënnen. Da gëtt de Kontrakt opgesat mat enger präziser Oplëschtung vun den Aufgaben, déi de Mandataire iwwerhuele sollt, wann esou ee Fall antrëtt.
Wann dat Klengegkeete sinn, kënne sou Aufgaben ënnerenee gereegelt ginn. Wann et wäit geet an zum Beispill d'Vente vun engem Haus oder soss eppes aschléisst, muss de Mandat beim Notaire ënnerschriwwe ginn. A béide Fäll muss de Mandat duerno an engem Regëster um Parquet hannerluecht ginn, preziséiert d'Sam Tanson.
"Wann en net ageschriwwen ass, dann huet e keng juristesch Valeur. Dat heescht, da kann en net en tant que tel genotzt ginn..."
Genotzt gi kann e vun deem Dag un, wou nees eemol en Dokter noweist, datt de Mandant eben net méi à même ass, selbstänneg ze handelen.
Kontrollen duerch Juge de tutelle méiglech
De Mandat de protection future huet näischt mat Ierfschaft ze dinn. Sollt trotzdeem en Ierwen oder soss een Interesséierte fäerten, datt de Mandat net ganz propper ausgeféiert gëtt, kann en zu all Moment de Juge de tutelle froen, dat emol ze kontrolléieren.
De Projet, deen am Koalitiounsaccord stoung, ass um Instanzewee. D'Justizministesch wier natierlech frou, wann en nach virun de Wale gestëmmt kéint ginn.