Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Villagers - You Lucky One

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Majoritéit vu Leit iwwer 60 sinn zefridde mat der Gérance vun der Pandemie

Etude

Majoritéit vu Leit iwwer 60 sinn zefridde mat der Gérance vun der Pandemie

Déi meescht al Leit iwwer 60 Joer sinn zefridde wéi d'Land d'Pandemie geréiert huet an och mat hirem Liewe wärend der Pandemie. Dat geet aus enger neier TNS-Ilres Etüd vun der Uni Lëtzebuerg an dem Zentrum fir Altersfroen ervir. D'Date gouf virun der zweeter Well gesammelt. Befrot goufe Leit iwwer 60 Joer déi entweder eleng liewen oder a Strukturen.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschterenplay_arrow


Iwwer 90 Prozent vun de Befroten wiere sech der Etüd no bewosst, datt de Coronavirus besonnesch geféierlech fir si wier an datt si misste geschützt ginn.

De Risiko de Virus selwer ze kréie schätzen déi meescht Leit iwwer 60 Joer als kleng an esou d'Isabelle Albert, déi d'Etüd mat ausgeschafft huet. "Iwwer d'Hallschent ware sech bewosst datt, wa si de Virus kréien, datt d'Krankheet e schlëmme Verlaf wäert hunn", sou d'Fuerscherin

Déi meescht hätte sech méi Suergen ëm d'Ekonomie vum Land gemaach an datt d'Familljememberen a Frënn kéinten u Covid-19 erkranken, heescht et weider. D'Liewensqualitéit vun dëser Altersgrupp wärend der Pandemie wier der Etüd no just liicht zeréck gaangen. Ee Grond wier dem Isabelle Albert no dat al Leit dacks méi resilient wieren.

"Grad déi Al hu jo och méi eng grouss Liewenserfarung. Si hu schonn aner Krise gepackt an hunn do scho Strategien entwéckelt wéi ee mat sou Krisen ëmgoe kann. Och déi sozial Ënnerstëtzung war e wichtege Faktor."

Leit déi an Alters- a Fleegeheemer wunnen, wiere bësse méi onzefridde mat hirem Liewe wärend der Pandemie gewiescht. Ee Fënneftel vun de Befroten hätten awer eng gewëssen Diskriminatioun par Rapport zum Alter gespuert. Dem Isabelle Albert no wier et wichteg wann och no der zweeter Corona-Well nach esou eng Etüd géif gemaach ginn, fir ze kucke wéi d'Wuelbefanne vun den ale Leit sech wärend der Kris weider entwéckelt.