Lycéesreform: Méigleche Retard wéinst Avis vum Staatsrot

Anescht wéi geplangt kéint d’Lycéesreform net fir d’Rentrée d’nächst Joer prett sinn. Den deementspriechenden Avis vum Staatsrot dierft eisen Informatiounen no eréischt am Hierscht virleien a net wéi virgesinn elo am Fréijoer. Hannergrond ass, wéi et schéngt, eng prinzipiell Décisioun vum Verfassungsgeriicht vum 29. November 2013. Der Cour constitutionnelle no mussen d’Ausféierungsbestëmmunge vum Gesetz am Gesetzestext selwer formuléiert sinn, a net separat a Reglementer. Am Projet vun der Lycéesreform betrëfft dat 30 bis 40 esou Ausféierungsbestëmmungen. Den Educatiounsministère wëll net, wéi virun zwee Méint scho vum Staatsrot proposéiert, den Text nei ausschaffen. Wéi mer gewuer goufen huet den DP-Educatiounsminister Claude Meisch de Staatsrot virun zwou Woche via Bréif beoptragt, en Avis iwwert den aktuelle Gesetzprojet ze maachen.

Bis elo e war nach keng Reaktioun vum Educatiounsminister ze kréien.

De Bäitrag vum Mick Entringer:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen