#LuxLeaks: OECD gesäit keng nei Elementer

Lëtzebuerg wäert op de Geschäftsmodell vun der aggressiver Steieroptiméierung musse verzichten, mengt de Pascal Saint-Amans. Den Direkter fir Steierfroe bei der OECD ass iwwerzeegt, datt een internationalen Aktiounsplang déi massiv Steierflucht vu multinationalen Entreprisë ka stoppen. Dat ënnert anerem well méi strikt Transparenzreegele fir déi sougenannt Steier-Rulingen agefouert ginn, a well déi multinational Entreprisen hier wirtschaftlech Aktivitéite pro Land mussen opschlësselen.

Iwwert éischt konkret Mesurë soll nächst Woch um G20-Sommet an Australien diskutéiert ginn. Lëtzebuerg géif an dësem Dossier kooperéieren, sou de Pascal Saint-Amans.

Déi Dausenden Dokumenter déi gëschter vun der internationaler Press publizéiert goufen, hunn a sengen Aen iwwert d’Problematik wéineg nei Informatiounen geliwwert.

Den Interview vum Pia Oppel mam Pascal Saint-Amans:

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen