#LuxLeaks: Marc Glesener lueft d'Regierung

De Marc Glesener fënnt datt d’Regierung gutt reagéiert hätt no de Revelatiounen an der internationaler Press datt Lëtzebuerg geheim Steieraccorde mat Honnerte vu Multinationalen ofgeschloss hätt. De Gewerkschaftler vun der ALEBA fäert awer datt wéinst dem internationalen Drock elo Gesetzer mussen ugepasst gi wat net gutt wier fir d‘Kompetitivitéit vum Standuert Lëtzebuerg.

De Marc Glesener war Invité an der Emissioun Riicht Eraus. Do huet hien natierlech och iwwert seng Carrière an der ALEBA geschwat. Hie war 20 Joer laang President vun enger Gewerkschaft, déi nach ëmmer d’Nummer Eent am Finanzsecteur ass, mee déi d’Konkurrenz vun deenen anere Gewerkschafte spiert. Zanter e puer Wochen ass hien an der Pensioun, mee säi Mandat bis 2018 als Vize-President vun der Chambre des Salariés wëll hie fäerdeg maachen.

Lauschtert d'Emissioun Riicht Eraus vum Christian Welter mam Marc Glesener vun der Aleba:

 

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen