Radioen

On air

Resonanzen  |  Rhapsody net nëmmen 'in blue'

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxair géint Low Cost

Aviatioun

Luxair géint Low Cost

D'Luxair steet um Findel ënner staarkem Konkurrenzdrock vun de Bëllegfluchgesellschaften. Fir an deem Konkurrenzkampf ze bestoen huet déi national Fluchgesellschaft awer limitéiert Mëttelen.

auto_stories

6 min

D'Luxair blouf laang vun der Konkurrenz vun de Bëllegfluchgesellschafte verschount. Eréischt 2006 koum Easyjet als éischt low cost Fluchgesellschaft op de Findel. Zéng Joer drop koum dunn och déi iresch Ryanair - zweetgréisst Fluchgesellschaft an Europa. "D'Konkurrenz ass doduerch fir d'Luxair staark geklommen", seet hire Porte Parole Marc Gerges. "Dëse Summer wäerte mir, vun deene véier Low costen déi zu Lëtzebuerg sinn, 60 Flich an der Woch hunn op 15 verschidden Destinatiounen, wouvun der 99 Prozent Destinatioune sinn, déi och eis Destinatioune sinn."

Déi allergréisst Gefor fir d'Luxair an där Konkurrenz wier d'Iwwercapacitéit. "Déi portugisesch Routen, wou ee grousst Potential hei zu Lëtzebuerg ass, mir sinn déi an der Zäit eleng geflunn. An der Tëschenzäit si mir zu véier, fënnef, déi se fléien", sou de Marc Gerges. Dat géif dann e Präiskampf ginn, fir d'Capacitéit ze kréien. Um Enn misst ee kucken, wien dee längsten Otem huet, respektiv wien am längste kann "à perte" fléien, bis déi aner opginn hunn.

Datt d'Bëlleg-Fluchgesellschaften iwwerhaapt op Lëtzebuerg koumen, hätt d'Luxair sech e bësse selwer agebrockt, seet de Luxair-Spriecher. "Mir hunn 2010-2011 eng Flott opgesat mat méi Capacitéit, mir hunn eis Präispolitik iwwerkuckt a selwer eng Risecroissance mat iwwer 17 Prozent d'Joer gehat. Dat huet de Fluchhafe Lëtzebuerg attraktiv gemaach. An dee Moment zitt een dann an engems d'Konkurrenz un."

Wuesstem zitt Airlines un

D'Konkurrenz schléift net. Ryanair a Co. fléien, wéi Insekte bei d'Luucht, dohinner, wou d'Fluchhäfe wuessen. Wat zu Lëtzebuerg, och wéinst deem héije Wirtschaftswuesstem, definitiv de Fall ass, sou den neien Interimsdirekter vu Luxairport, de René Steinhaus. Lëtzebuerg géif och an dat deels neit Konzept vun de Bëllegfluchgesellschafte passen. Déi haut manner vu Fluchhäfen, déi tëscht de Mäert leien, operéieren, an hir Aktivitéite verlageren. "Dat gesäit ee gutt um Beispill vun Hahn", erkläert de René Steinhaus. "Ryanair belagert do Flich op Frankfurt, Köln a Lëtzebuerg."

Um Findel klammen d'Passagéierzuele weider op een neie Rekord, zejoert, vun 3,6 Millioune Passagéier. Dobäi gouf Ryanair, a sengem éischte Joer zu Lëtzebuerg, direkt zweetgréisst Fluchgesellschaft um Findel, mat 364.000 Passagéier. Däitlech manner ewéi déi 1,7 Millioune vun der Luxair. Mee fir dëst Joer rechnen d'Ire scho mat 540.000 Passagéier, huet Ryanair eis op Nofro iwwer e-mail matgedeelt. Hiert deklaréiert Zil ass et, d'Nummer eent hei am Land ze ginn. An der Konkurrenz mat Luxair gesäit Ryanair sech, um Niveau vum Präis, vu vir eran als Gewënner. D'Fro, wéi eng Strategie Ryanair an där Konkurrenz verfollegt, beäntwert een esou: "Déi héich Präisser vu Luxair si keng Konkurrenz fir déi niddreg Präisser vu Ryanair, déi bei 9,79 Euro ufänken."

Luxair huet Obligatiounen, déi Ryanair net huet

Och d'Luxair huet hir Präisser an deene leschte Joren erofgesat. Et géif ee weider kucken, wou ee Käschte kéint spueren, bei de Frequenzen, dem Gepäck, dem Catering ... D'Rentabilitéit vu Flich hänkt vun der Capacitéit an dem "load"-Facteur of. Wa grouss Fligere voll besat sinn a méi wäit fléien, kënne méi niddreg Präisser gefrot ginn. D'Luxair flitt vill mat klenge Fligeren an op kuerzen Distanzen. Beim Präis no ënne gëtt et also kloer Grenzen. An als national Fluchgesellschaft, bei där de Staat zu ongeféier 39 Prozent, an d'Spuerkeess zu 21,8 Prozent Aktionär sinn, an déi also zum allergréissten Deel an ëffentlecher Hand ass, hätt d'Luxair an hirem Business-Modell och Obligatiounen, déi déi reng Profit-orientéiert Bëllegfluchgesellschaften net hunn, seet de Marc Gerges. "Mir sinn eng national Gesellschaft. Mir sollen och d'Ekonomie vun der Groussregioun zerwéieren."

Fir Lëtzebuerg an deem Sënn d'Connectivitéit ze ginn, déi et brauch, hëlt d'Luxair deemno och defizitär Vollen a Kaf. Bei de low cost Präisser, déi affichéiert gi fir Clienten unzelackelen, misst een awer och relativéieren, seet de Luxair-Spriecher. Ryanair an anerer géifen dacks nëmmen de Präis vum Aller affichéieren. A wann een eng Wallis mathëlt, gëtt et och herno méi deier. Jee no Ëmstänn wier de Präis vum Ticket um Enn dann awer bal deeselwechte wéi bei der Luxair.

Verstoppte Präis

An da gëtt et bei de low cost Fluchgesellschaften, wéi bei allem, wat bëlleg ass, och nach dee verstoppte Präis. Dat heescht, fir bëlleg ze sinn, gëtt op anere Plaze gespuert. Bei de Salairen an den Aarbechtskonditioune vu Personal a Piloten, zum Beispill, wou Ryanair jo ëmmer nees wéinst Virwërf vu sozialem Dumping ënner Drock geréit. Op d'Leit, wa si Fligertickete kafen, och sozial oder aner indirekt Facteure mat abezéien, misst jidderee fir sech decidéieren, mengt de Marc Gerges.

Ee ganz konkrete kompetitiven Avantage géigeniwwer de Bëllegfluchgesellschaften, deen d'Luxair am Konkurrenzkampf asetze kann, wieren awer d'Frequenze vun de Flich. "Wann Dir wëllt op London fléien, da kënnt Dir bei eis wielen tëschent siwe mol am Dag, wou mir op London City fléien. Mir hu Verbindunge mat de grousse Metropolen a Wirtschaftszenteren an Europa. Wann der awer elo d'Slotte kuckt vun der Konkurrenz op enger Ryanair oder Easyjet - dat sinn normalerweis net déi allerbeschten Zäiten, wou se fléien, a wéi se fléien. Dat sinn déi Servicer, wou mir eis kënne wieren", erkläert de Marc Gerges. Bei Geschäftsreesen, zum Beispill op London - e Secteur dee Ryanair och viséiert - behält d'Luxair, duerch déi héich Frequenz, d'Nues vir.

E weideren Avantage kéinten d'Luxair an aner Legacy-Fluchgesellschaften hire Clienten offréieren, wann, zum Beispill bei extreme Wiederkonditiounen oder soss Tëschefäll, Flich verspéit oder annuléiert musse ginn. "An esou enger Situatioun si Dir mat engem Low cost zimlech eleng. Dir hutt en Ticket, äre Fluch geet net, an da musst Dir kucken, datt Dir erauskommt, oder Dir hutt déi minimal Couverture, déi d'Europäesch Gemeinschaft de Passagéier zougesteet."

"Bëllechfluchgesellschaften hunn eis gutt gerëselt"

D'Luxair géif hir Cliente net am Stéch loossen. Si hätte Garantien, fir op en anere Vol ëmgebucht ze ginn oder fir eng Hotelzëmmer ze kréien, wann néideg.

D'Bëllegfluchgesellschaften hätte villes verännert, och zum Deel an engem positive Sënn, seet de Luxair-Spriecher. D'Aviatioun wier demokratiséiert ginn, haut kéinte vill méi Leit sech et leeschten, ze fléien. An déi etabléiert an national Fluchgesellschafte wiere gutt gerëselt ginn. "Déi ganz Industrie huet emol hir Käschten eng Kéier iwwerkuckt, wou ee ka spueren, wat iwwerflësseg ass. Mir hunn et bis elo fäerdegbruecht, Stand ze halen. A mir sinn elo déi ganzen Zäit weider am Gaang ze kucken, wat mir kënne maachen, wou mir kënne kleng Schrauwen dréien. Well den Drock gëtt ëmmer méi grouss."