Luc Frieden wëll demissionéieren

De Luc Frieden soll 100,7-Informatiounen no de Mëtteg seng Demissioun als CSV-Deputéierte bekannt ginn. Dat krute mer vun zwou gutt informéierte Sourcen confirméiert. Éischt Kandidatin am Wahlbezierk Zentrum fir op de Krautmaart nozeréckelen, ass d’Tessy Scholtes: déi fréier Sportlerin war den 20. Oktober bei de Chamberwahlen op déi 9. Plaz op der CSV-Zentrums-Lëscht gewielt ginn.

De Luc Frieden war Éischtgewielte virum designéierte neien CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler. De Luc Frieden war tëscht 1998 an 2013 Minister, ënnert anerem an de Ressorte Justiz, Finanzen a Budget. Virun 20 Joer ass de forméierte Jurist fir t’éischte Kéier an d’Chamber gewielt ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen