Radioen

On air

De Moien  |  Cornershop - Brimful Of Asha

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Large-Scale-Testing mécht zou

Coronavirus

Large-Scale-Testing mécht zou

No annerhalwem Joer Large-Scale-Testing ass haut Schluss. Iwwer zwou Millioune gratis PCR-Tester goufen do duerchgefouert. Vun elo un brauch ee fir en PCR-Test entweder eng Ordonnance vum Dokter oder et muss een e selwer an engem vun den dräi private Laboe bezuelen

auto_stories

1 min

Et géif net ewech gekuckt ginn - mee do gekuckt, wou et Fäll ginn. Wien zum Beispill Symptomer huet ka vum Dokter esou en Test an engem vun den dräi private Labo verschriwwe kréien.

Ganz wichteg fir de Coronavirus ënner Kontroll ze behale wieren d'Tester bei de jonke Leit ënner 12 Joer, déi net kënne geimpft ginn, esou den Dr. Thomas Dentzer. Wa positiv Fäll optrieden, kënne sougenannten Interventiounsekippen an d'Klass erakommen an "do si fir sou schnell wéi méiglech d'Propagatioun vum Virus anzedämmen. Dat selwecht hu mer am Fong och fir an den Altersheimer."

Antikierpertester am Mëttelpunkt

Wien en Test brauch fir ze reesen oder fir verschidden Evenementer muss säi Schnelltest oder PCR-Test an engem vun den dräi Laboe selwer bezuelen. D'Laboratoire Réunis installéieren dofir zu Maarnech, zu Jonglënster an an der Stat nees déi sougenannten Drive-In-Zentren.

Fir d'Immunitéit an der Populatioun ze suivéieren, gëtt e representativen Echantillon vu Leit weiderhi fir Gratis-Tester invitéiert, bei deene gekuckt gëtt op Antikierper am Blutt present sinn. Doduerch gëtt och gekuckt, ob d'Immunitéit an der Populatioun stabel bleift.

Déi Prozedur soll virleefeg mol bis Dezember lafen. Et soll een sech awer net geckeg maache mat den Antikierperzuelen, well déi duerch déi verschidden Testmethoden net mateneen ze vergläiche sinn.