Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Loyers-Subventioune misste mat Mietpreisbremse verbonne sinn"

Staatlech Loyers-Hëllef

"Loyers-Subventioune misste mat Mietpreisbremse verbonne sinn"

D'Caritas an d'Agence Immobilière Sociale begréissen déi nei Bestëmmunge fir Loyers-Subventiounen. De Regierungsrot huet decidéiert, d'Critèrë méi labber ze maachen. An Zukunft solle vill méi Leit vun deene staatleche Loyer's-Bäihëllefe kënne profitéieren.

auto_stories

2 min

Zanter Ugangs 2016 ginn et staatlech Loyers-Hëllefen. Bis elo goufe se nëmme wéineg gebraucht. Fir dat éischt Joer hat d'Regierung mat bis zu 19.000 Demandë gerechent. Et goufen der awer just 4.500. Vill dovunner goufen net accordéiert, wëll déi Betraffen net all d'Critèren erfëllt hunn.

Dorënner de sougenannten Taux d'effort minimal. Dat ass deen Deel, deen de Loyer vum Stot sengem Revenu ausmaache muss, fir kënnen eng Hëllef ze kréien. Bis elo louch deen Taux bei 33 Prozent. Elo gëtt en erofgesat, op 25 Prozent. An de Revenu, deen een däerf hu fir eligibel ze sinn, gouf eropgesat.

Net richteg informéiert

D'Caritas begréisst dës Mesuren. Bis elo hätte sou wéineg Leit vun der Loyers-Subventioun profitéiert, well si "net informéiert sinn iwwert hiert Recht", sou de Porte Parole a President vum Direktiouns-Comité Robert Urbé.

"Wat nach vill méi schlëmm ass: Och déi ëffentlech Instanzen, déi si missten informéieren, sinn net richteg informéiert."

Verschidde Leit hätte gesot kritt, si hätte kee Recht op sou eng Subventioun.

Fuerderung no Mietpreisbremse

Bei der Agence Immobilière Sociale begréisst den Direkter, Gilles Hempel, datt an Zukunft méi Leit vun der Loyers-Subventioun kënne profitéieren.

"Et muss een natierlech elo hoffen, datt d'Vermieter sech net invitéiert fillen, duerch déi Mesure hir Loyeren an d'Luucht ze setzen. Et wier dofir nach besser gewiescht, wann een déi Loyers-Subventioun mat enger Aart Mietpreisbremse verbonnen hätt."

Duerch déi nei Bestëmmungen sollen an Zukunft ronn 35.000 Stéit vun der staatlecher Loyers-Hëllef kënne profitéieren. Der Regierung no kéinten deemno ronn 65 Prozent oder zwee Drëttel vun de Leit um Wunnengs-Locatiouns-Maarché eng staatlech Hëllefe kréien.

Wéineg Locatairen zu Lëtzebuerg

"Dat huet domat ze dinn, datt iwwerhaapt nëmme 25 Prozent bei eis am Land Locatairë sinn", seet de Robert Urbé. "75 Prozent si Proprietaire vun hirer Wunneng. Dat ass een aussergewéinlech héije Prozentsaz am europäesche Vergläich."

D'Locatairë wiere konfrontéiert mat Loyers-Präisser, déi zu Lëtzebuerg immens héich wieren. Och mat gudde Salairen wier et einfach an eng Situatioun ze kommen, wou ee Problemer hätt, de Loyer ze bezuelen, sou de Robert Urbé.