Radioen

On air

De Weekend  |  Charlie Chaplin: De gréisste Komiker deen d'Welt gesinn huet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Long-Covid-Pilotprojet: Schonns 40 Patiente virum offizielle Start

Gesondheet

Long-Covid-Pilotprojet: Schonns 40 Patiente virum offizielle Start

Nach virum eigentleche Start vum Long-Covid-Pilotprojet, deen offiziell den 1. August war, hu sech schonns eng 40 Persoune fir dëse gemellt. Hiren Altersduerchschnëtt läit tëscht 30 a 50 Joer, esou d'Dokter Thérèse Staub vum CHL.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


En neie Pilotprojet, deen den 1. August ugelaf ass, hellt sech der Long-Covid-Patienten un. Déi Betraffe leiden nach Méint no der Virusinfektioun un esou ënnerschiddleche Symptomer ewéi chronesch Middegkeet, Ootmen-Schwieregkeeten, Muskel- a Gelenk-Péng, Schlof- oder Häerzrhythmusstéierungen, kognitiv, neurologesch oder psychiatresch Stéierungen.

Zesummenaarbecht tëscht verschidden Zentren

Nach virum eigentleche Start vum Long-Covid-Pilotprojet, deen offiziell den 1. August war, hunn sech schonns eng 40 Persoune fir dëse gemellt. Hiren Altersduerchschnëtt läit tëscht 30 a 50 Joer, esou d'Dokter Thérèse Staub vum CHL. De Pilotprojet soll Prise e Charge vu Patiente verbesseren - zesumme schaffen heibäi de Centre Hospitalier, de Reheazenter, den Domaine Thermal vu Mondorf an neierdéngs och de Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique.

700 Leit, ronn 1 Prozent vun de Lëtzebuerger Coronavirus-Erkrankte kënnen an der éischter Phase vum Long-Covid-Programm zeréckbehale ginn. Vu Long-Covid schwätzt een, wann dräi Méint no der eigentlecher Viruserkrankung nach Symptomer bleiwen.

De Projet leeft an enger éischter Phase op 6 Méint an huet e Budget vun 1 Millioun Euro.

Schonns iwwer 40 Patienten hu sech gemellt. Haaptsächlech Persounen tëscht 30 a 50 Joer, déi vun hirem Hausdokter un de Long-Covid-Programm verwise goufen.

Do ass hir éischt Statioun de Case Manager am Stater Centre Hospitalier, esou d'Dokter Thérèse Staub vum Service national des maladies infectieuses. Dee mécht e Formulaire iwwer Telefon mat de Patienten, fir d'Urgence vun der Situatioun aschätzen ze kënnen. An enger zweeter Phas komme si an d'Klinik fir Tester ze maachen, fir d'Repercussioun vun de Symptomer kënne gesinn.

Eischt Phas leeft fir 6 Méint

Well dës ganz ënnerschiddlech an individuell sinn - missten d'Therapien dëst grad esou sinn, esou den Dokter Gaston Schütz, Direkter vum Rehazenter.

Fir de Long-Covid-Projet kritt de Rehazenter zousätzlech mënschlech an technesch Moyen. Zesumme mam CHL an den Domaine Thermal vu Mondorf gëtt esou eng beschtméiglech Prise e Charge vu Long-Covid-Patienten erreecht. Nei beim Projet ass de Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique, deen de Volet "santé mentale" ofdeckt.

Zanter Ufank vun der Pandemie goufen am Rehazenter schonns iwwer 100 Post-Covid-Patienten no hire schwéiere Krankheetsverleef behandelt. De Paul Fink, Coordinateur du Plateau thérapeutique, erkläert wat d'Besoine vu Long-Covid-Patiente sinn:

"Déi Leit brauchen haaptsächlech en Ausdauer- a Kraafttraining an dann och Otem-Therapien. Dat ass mol esou den Haaptkär vun der Therapie. Dat heescht all déi Leit, déi och Geschmaachsproblemer haten oder Gerochsproblemer, déi ginn da vun eise Logopeden e Charge geholl. Eng ganz Partie brauchen och e Support psychologique. Et ass jo awer esou e bëssen e Post-Stress-Syndrom, wat déi Leit erliewen no länger Zäit am Koma an der Rhéa an an an."

De Long-Covid-Pilot-Projet leeft an enger éischter Phas fir sechs Méint. De Budget vum Programm beleeft sech op 1 Millioun Euro. Déi duerch de Projet gesammelt Donnéeë gi vum Luxembourg Institute of Health wëssenschaftlech ausgewäert.