Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Police - So Lonely

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ London net als wichtege Partner verléieren

Bourse

London net als wichtege Partner verléieren

En Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU ass keng gutt Nouvelle. Dat mengt de Robert Scharfe, de Generaldirekter vun der Bourse. Och wann aner EU-Memberstaaten hoffe vun engem Brexit ze profitéieren, wier dat extrem kuerzfristeg iwwerluecht.

auto_stories

3 min

Robert Scharfe

"London spillt eng extrem wichteg Roll an den internationale Kapitalmäert, virun allem wat de Finanzement vun de Staaten, de Gesellschaften an de Banken ugeet. An deem Sënn wier et wichteg datt dee Rôle och weiderhi vu London erfëllt gëtt." Mat senger internationaler Finanzplaz géif Lëtzebuerg och zu engem groussen Deel vun där Entwécklung bäidroen duerch d'Strukturatioun an d'Administratioun vun de Finanzproduiten, déi op de Kapitalmäert emettéiert ginn, ënnersträicht de Robert Scharfe.

Fir Lëtzebuerg ass e Brexit nach aus engem anere Grond keng gutt Nouvelle. Mat London géif déi Lëtzebuerger Finanzplaz an Zukunft e wichtege Partner an der EU verléieren, deen ëmmer déi international Dimensioun an d'Diskussioun bruecht hätt. Länner wéi Frankräich an Däitschland géife par konter just e nationale Marché zerwéieren.

Net kuerzfristeg denken

De Robert Scharfe warnt datt Europa net just op sech selwer soll kucken. Schliisslech géifen op d’Asiaten an d’Amerikaner suivéiere wat an der EU passéiert. A wann duerch de Brexit alles nach vill méi komplizéiert géif ginn, géif de Risiko bestoen, datt Entreprisen an och Kapital an Drëttstaate ginn. Tatsaach ass, datt Entreprisen déi hire Sëtz zu London hunn, sech iwwerleeë géifen ze plënnere well se e Fouss an der EU wéilte behalen. "Déi sechs grouss chinesesch Banken, déi Lëtzebuerg gewielt haten, déi kruten (duerch de Brexit) confirméiert, datt Lëtzebuerg dee richtege Choix war fir d'Zukunft."

Wéi de Finanzminister Pierre Gramegna an de Wirtschaftsminister Enn Juli a Groussbritannien waren, hu béid Politiker betount, datt si net op London gaange wieren, fir vun do Business ewech ze huelen. De Generaldirekter vun der Lëtzebuerger Bourse huet d'Approche vun der Regierung gelueft, déi diskret a realistesch wier. Lëtzebuerg géif net aggressiv optrieden, mee géif de Leit hëllefe Solutioune fir d'Zukunft ze fannen.

Bestietnes tëscht Frankfurt a London

"Scho virum Referendum hunn déi zwou Boursen annoncéiert, datt egal wéi de Vote géing ausgoen, näischt un hirem Plang géing änneren. Ech mengen awer, datt se dovun ausgaange sinn, datt de Brexit net géing passéieren." De Robert Scharfe mengt, datt déi zwou Boursë mat enger Fusioun dat bescht vun deenen zwou Welte kritt hätten. Ënnert engem Holdingdaach hätte si herno zwou Boursen, déi weiderhi separat operéieren. Déi eng an der EU, déi aner ausserhalb. De Robert Scharfe ka sech awer net virstellen, datt d'EU deem Spillche géif nokucken, well aner Boursen an Europa doduerch benodeelegt wieren.

Fir d'Lëtzebuerger Bourse ass den internationale Kapitalmarché dat Wichtegst, belount hire Generaldirekter. "99,9 Prozent vun eise Valeure kommen aus dem internationalen Ëmfeld. E groussen Deel kënnt aus Europa an aus der EU, mee 40 Prozent vun de Finanzinstrumenter déi mir kotéieren, kommen aus dem Rescht vun der Welt." Dowéinst misst een oppassen, datt déi Lëtzebuerger Bourse och an Zukunft interessant bleift fir Leit, déi hir Finanzementer hei domiciliéieren. Dowéinst bräicht Lëtzebuerg London mam Investment Banking Zentrum. Ëmgedréint wier Lëtzebuerg staark an der Administratioun an och an der Strukturatioun vun deene Finanzinstrumenter.

E puer Emetteuren hätte London scho verlooss a wieren op déi Lëtzebuerger Bourse komm. De Generaldirekter vun der Bourse schwätzt vun engem agreabelen Nieweneffekt vum Brexit. Méi wichteg wier et allerdéngs derfir ze suergen, datt Europa och an Zukunft attraktiv bleift, seet de Robert Scharfe.