"Logement bleift prioritär", esou de Staatssekretär Marc Hansen
D’Loyersubventioune ginn iwwerkuckt. An Zukunft solle Leit mat nidderegem Akommes bis zu 130 Euro de Mount Ënnerstëtzung kënne kréien. Fir Famille kann de Montant bis zu 240 Euro de Mount aus maachen. Dat sot de Marc Hansen am 100,7-Interview. De Staatssekretär am Héichschoulministère ass zanter dem 1. Abrëll och Staatssekretär fir de Logement. Hie steet also der Logementsministesch Maggy Nagel (DP) zur Säit.
Och wann an de Medien am Beräich Logement déi läscht Zäit Personalien am Virdergrond stoungen, esou wär dem Marc Hansen no an deem Ministär awer an de leschte Méint vill geschafft ginn. Fir d’Situatioun um Wunnengsmaart ze verbessere soll och aktiv dru geschafft gi fir d’Terrainen ze mobiliséieren, déi administrativ Prozedure solle vereinfacht, an de soziale Wunnengsbau viru gedriwwe ginn.
Den Marc Hansen, den Invité vum Dag vum Mick Entringer dësen 2. Abrëll :