Fir vun dëser neier Mesure profitéieren ze kënnen, muss de Locataire eng entspriechend Demande beim Friddensriichter areechen. Dofir muss de Locataire awer déi néideg Pabeiere virweisen, déi beleeën, datt hien an enger finanziell prekärer Situatioun ass, an och soss keng aner Wunneng fanne kann.
Kritik vun déi Lénk an ADR
De Proprietär kann d'Wunneng awer weiderhi fir sech selwer beusprochen. Dorunner stéiere sech déi Lénk. Et misst kontrolléiert ginn, ob de Besoin vum Proprietär reell ass oder net, sou d'Nathalie Oberweis.
D'ADR gesäit dat anescht: De Problem dierft net op Käschte vun de Proprietäre geléist ginn, esou den ADR-Deputéierte Roy Reding. Schliisslech hätten déi genau sou mat den héije Präisser ze kämpfe wéi d'Locatairen. A Scholden, déi sech summéieren, géife riskéieren, ni zréckbezuelt ze ginn:
"Dofir wier eis Léisung ganz kloer: et musse genuch Wunnengen zur Verfügung stoe fir Leit, déi een Déguerpissements forcé hunn, kënnen ënnerkommen. Mee zweetens ass et um Staat, wann e wëllt den aarme Leit hëllefen, déi missten op d'Strooss gesat ginn, Arriéréen ze iwwerhuelen, an net um Privatproprietär."
Reférendaire de justice soll fir EU-Bierger:innen opgoen
Een zweet Gesetz, dat an der Chamber gestëmmt gouf, gesäit vir, d'Funktioun vum Reférendaire de justice fir all EU-Bierger:innen opzemaachen. Dat, fir dem Manktem u qualifizéiertem Personal entgéingt ze wierken.
Et brauch een also net méi déi lëtzebuergesch Nationalitéit ze hunn an et muss een dernieft och just nach Franséisch kënnen. D'Funktioun vum Reférendaire ass et, de Magistrate bei hirer Aarbecht ze assistéierten. Der grénger Justizministesch Sam Tanson no ass dëse Gesetzesprojet längst iwwerfälleg:
"Mir kënnen net op där enger Säit eis lamentéieren a soen: et geet net virun, et geet net séier genuch, mir hunn net genuch Ressourcë fir eppes ze maachen, an op där anerer Säit eis wiere géint Propositiounen, déi gemaach ginn, fir Solutiounen ze fannen."
Eng Kritik, déi virun allem a Richtung ADR adresséiert ass. Déi huet sech dorunner gestéiert, datt keng Lëtzebuerger Nationalitéit méi gefrot ass.