Radioen

On air

De Weekend  |  Ned Doheny - Get It Up For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LNS: Beobachter vum Drogemaart

Dr Serge Schneider

LNS: Beobachter vum Drogemaart

Um internationalen Dag géint den Drogemëssbrauch beliicht den LNS, de Staatslaboratoire seng Missioun bei der Analys vun den Drogen déi et um Maart ginn. Souwuel saiséiert Drogen ewéi och Prouwe vun Drogekonsumente ginn analyséiert. Ee weidere Projet huet d'Präsens am Ofwaasser am Viséier.

auto_stories

3 min

Den LNS ass zoustänneg fir Drogen ze analyséieren, déi vun der Police a vun der Douane saiséiert ginn. Et goufen och zwee Pilotprojete lancéiert. Beim Projet PiPaPo, deen zesumme mat 4-motion organiséiert gëtt, geet et drëm op Festivalle Prouwen, déi Drogekonsumente fräiwëlleg ofginn, ze analyséieren. De Projet Drug-Checking gëtt an Zesummenaarbecht mat den Drogekonsumraim vu Lëtzebuerg an Esch organiséiert, och do kritt den LNS Prouwen, déi op hir Zesummesetzung gepréift ginn, erkläert den Dr. Serge Schneider vum LNS.

Verglach tëscht saiséierten Drogen an Droge vun Endkonsumenten

D'Police an d'Douane saiséiere relativ vill Cannabis a Kokain, a manner Heroin oder Amphetaminnen, seet den Dr. Serge Schneider vum LNS. Dat wier awer villäicht net representativ, wëll et sech hei em Saisien handelt.

Am Verglach mat de Prouwen déi de Labo vu Konsumente fräiwëlleg kritt wieren d'Drogen déi saiséiert gi méi reng, erkläert den Dr. Serge Schneider:

"Do hu mer dann och vill interessant Resultater. Mir gesi kloer datt beim Heroin a Kokain d'Qualitéit bei der Douane am héchsten ass. D'Echantillone vun der Police si manner gutt a beim Endkonsument am Abrigado oder zu Esch do ass d'Qualitéit nach manner gutt. Beim Konsument ginn déi Drogen nach eng Kéier mat aner Substanze verdënnt. Wat d'Qualitéit vun der Drog méi héich ass wat ee méi Sue kann dermat maachen. Et gesäit och esou aus datt d'Produiten déi zu Lëtzebuerg ukomme relativ propper sinn. An ech ka mer virstellen datt déi Drogen am Abrigado nach eng Kéier verdënnt ginn, sou datt do d'Qualitéit am mannste gutt ass."

LNS ass an der Drogepolitik just een neutralen Observateur

Déi juristesch Situatioun vum LNS ass gekläert, betount den Dr. Serge Schneider:

"Mir hunn souwuel mat der Santé ewéi och mat der Justiz mer Accorden dass mer dat dierfe maachen. Mir kollaboréiere mam Abrigado, mir kollaboréiere mat 4 Motion. Eise Service ass hei fir d'Drogen z'analyséieren. Mir sinn do een neutrale Beobachter vun enger Prouf an dat stellt een Aspekt vun der Drogepolitik duer. D'Santé assuréiert éischter den Deel vum Schutz vun den Drogekonsumenten, d'Justiz këmmert sech em d'Repressioun a mir schaffe mat deenen zwee zesummen. Mir als Laboratoire ginn een neutraalt Resultat eraus. Ech soen ech fanne 40% Kokain an enger Drogeprouf. D'Justiz mécht dat wat si fir richteg hält a wat am Gesetz steet an d'Santé oder 4Motion déi de Konsument viru Gefore warnt, sinn do fir dem Konsument ze soen, pass op, well et si geféierlech Substanzen an der Drog dran."