Radioen

On air

Resonanzen  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Zauberflöte fir Sträichquartett, K. 620, Ein Mädchen oder Weibchen - Quatuor Zaïde

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lizenze fir Impfstoffproduktioun gi viru blockéiert

WELTWÄIT IMPF-CAMPAGNE

Lizenze fir Impfstoffproduktioun gi viru blockéiert

Déi international Covax-Facilitéit soll dofir suergen, datt all d'Länner op der Welt Accès op Impfstoff géint Covid-19 hunn. Bis elo ass awer nach kee Vaccin doriwwer verdeelt ginn. D'EU ass och dergéint, Patentrechter fir d'Produktioun fräizeginn.

auto_stories

3 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | STR

D'EU ass Deel vun der sou genannter Covax-Facilitéit, déi sech eng gerecht Distributioun vum Impfstoff op der Welt op de Fändel geschriwwen huet.

500 Milliounen Euro EU ginn do dra gestach, derbäi kommen 270 Millioune vun de Memberlänner, Lëtzebuerg ass mat enger Millioun derbäi.

Keng eenzeg Impfdosis bis elo iwwer Covax verdeelt

Global un de Probleem erugoen, war vun Ufank un déi Lëtzebuerger Approche, erkläert de Manuel Tonnar, vun der Kooperatiouns-Direktioun am Ausseministère: "Et gëlt: Keen ass sécher, bis net jidderee sécher ass. Eng egoistesch Approche ass déi falsch hei."

Wat den Ament awer um Terrain geschitt, ass näischt anescht wéi eben eng egoistesch Approche, bekloe sech Kooperatiouns-ONGen.

Eng dovun ass Médecins sans frontière, vun enger equitabeler Verdeelung ass ee wäit ewech, seet hire Spriecher zu Lëtzebuerg, den Christophe Hebting.

"Pour le moment il y a une intention, qui est louable de vouloir donner du vaccin à tout le monde. Derrière cette intention, il y a la réalité, c'est que celui qui paye le plus, qui recoit les doses de vaccin."

D'Covax-Facilitéit sollt dofir suergen, datt weltwäit Impfstoff beschaaft gëtt. Dat ass bis elo schif gaangen, seet och den däitschen Europadeputéierten Timo Wölken.

"Tatsächlich ist bislang noch keine einzige Impfdosis über die Covax-Allianz verteilt worden. Es fehlt hier an Solidarität".

Patentrechter weider geschützt

Den Ament riskéieren d'Produktiounskapazitéiten integral fir déi räich Länner gebraucht ze ginn. Am wichtegste wier et dowéinst, datt d'Weltgesondheetsorganisatioun besonnesch déi Impfstoffer, déi méi einfach ze handhabe sinn, fir Covax fräi gëtt, sou den däitsche Sozialdemokrat.

Do awer stellt sech ënner anerem d'EU, méi genee gesot, d'Europäesch Kommissioun queesch. Si ass bis elo dergéint Lizenze fräi ze ginn. D'Patentrechter si protegéiert duerch den Internationalen Accord iwwer d'Rechter vun der intellektueller Proprietéit, kuerz TRIPS. Hei misst eng Ausnam fir Impfstoffer gemaach ginn, fuerderen ONG'en zanter laangem.

D'EU muss hei hir Oppositioun opginn, verlaangt och den Timo Wölken. Nëmme sou kéint sech un der Situatioun an den afrikaneschen, ma och a villen anere Länner, déi bis elo keng Vaccinen kruten, eppes änneren.

D'EU huet am Ganzen 2,3 Milliarden Impfstoffer bestallt. Dat sinn der méi ewéi genuch, fir déi 450 Milliounen Awunner vun de 27 EU-Länner ze impfen. Geplangt ass, déi iwwerschësseg Vaccinen dono virun ze ginn, mee dorop ze waarden, kënne sech d'Länner am Süden eigentlech net leeschten.

Kritik vu Lëtzebuerger ONGen


De Bäitrag vum Pierre Reyland lauschterenplay_arrow


D'Initiative COVAX, fir eng gerecht Verdeelung vu Corona-Impfstoffer an alle Länner, wier luewenswäert, mee géif den Ament net funktionéieren. Dat kritiséieren ONGen, dorënner Medecins Sans Frontières zu Lëtzebuerg. A villen Entwécklungslänner wier nach guer kee Vaccin ukomm. De Problem wier, datt déi räich Länner bilateral Akkorde mat de Pharmakonzerner maachen, no sech selwer kucken, sou de Christophe Hepting, Pressespriecher vun MSF zu Lëtzebuerg. Um finanzielle Plang, hätt Lëtzebuerg sech engagéiert, 1 Millioun Euro zum COVAX Programm bäi ze steieren. Et géif een awer an Europa scho gesinn, wéi sensibel d'Fro vum Accès zu Vaccine wier, an all Land géif probéieren, déi eege Populatioun fir d'éischt ze schützen, sou de Manuel Tonnar vum Ausseministère.