Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  The Smashing Pumpkins - 1979

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LISER: De Bauperimeter vergréisseren ass net d'Léisung

Logement

LISER: De Bauperimeter vergréisseren ass net d'Léisung

Et feelt net u Bauland zu Lëtzebuerg, et feelt just un der Bereetschaft vun de Proprietäre fir hir Terrainen an d'Vente ze ginn a bebauen ze loossen. Zu där Conclusioun kënnt de Fuerschungs-Institut LISER an enger neier Etüd.

auto_stories

2 min

Den Antoine Paccoud ass Geograph a fuerscht beim LISER

De Resumé lauschterenplay_arrow


2.000 Hektar Terrain sinn als Bauland ausgewisen hei am Land. Fir se all ze bebauen, bräicht een zéng Joer: et ass also net do, wou de Schong dréckt.

An dofir géif et och näischt bréngen de Bauperimeter nach ze erweideren, dat wier eng "fausse bonne idée" seet den Antoine Paccoud:

"Je pense qu'à chaque fois qu'on agrandit le périmètre on ne fait que créer de nouveaux multimillionnaires qui, comme ceux qui sont déjà dans le périmètre, n'ont pas nécessairement de raison à vendre."

Et gëtt keng Strof fir zeréckgehalen Terrainen

De Problem wier, datt Proprietären net penaliséiert ginn, wa se hir Terrainen zeréckhalen. Et gëtt fir si haut keen objektive Grond ze verkafen, wann een net wëllt oder muss.

Mat Instrumenter wéi Grond-, Verméigens- oder Ierfschaftssteier kéint een dat sécher änneren, seet de Fuerscher vum LISER. Dee fiskalen Drock wier och berechtegt: et géif nämlech Leit treffen, déi vun der Gemeng, duerch de Plan d'aménagement, eng aussergewéinlech Plus-value op hiren Terraine kréichen. Dat wier e Kaddo vun der Kollektivitéit, mengt den Antoine Paccoud.

De Fuerscher vum LISER seet awer och, d'ëffentlech Hand wier nach op eng aner Manéier gefuerdert:

"Ce qui manque vraiment, c'est une discussion approfondie avec des propriétaires fonciers pour essayer de comprendre aussi leurs motivations pourquoi ils ne vendent pas, et d'essayer de réfléchir avec eux sur comment on pourrait mobiliser plus facilement des terrains."

Am Hierscht wëllt de LISER eng weider Etüd publizéieren, déi dann och d'Nimm vun de Gesellschaften nenne wäert, déi Proprietär vu grousse Bauland-Fläche sinn.