Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Libyen, fënnef Joer nom Gaddafi

Noen Osten

Libyen, fënnef Joer nom Gaddafi

Libyen stécht haut an enger politscher Kris, et ginn dräi Regierungen. Dobäi kënnt, datt d'Flüchtlingskris an den IS d'Land op d'Prouf stellen. D'Situatioun schéngt sech ëmmer méi zouzespëtzen.

auto_stories

6 min

D'Rou zu Tripolis täuscht: Fënnef Joer nom Fall vum Gaddafi stécht Libyen an der Kris

Nom Fall vum Muammar Al-Gaddafi 2011, ass a Libyen e Muechtvakum entstan, iwwert dee séier keng Autoritéit am Land méi d'Kontroll hat. Och den nationalen Iwwergangsrot, dee sech aus Rebellen zesumme gesat huet déi géint de Gaddafi gekämpft hunn, huet et net fäerdeg bruecht, déi Kontroll ze iwwerhuelen. 2012 hunn d’Rebelle d’Muecht un den allgemengen Nationalkongress ofginn, e gewieltent Parlament vun deem och e Ministerpresident designéiert gouf.

Allerdéngs ass domat déi politesch Situatioun am Land nach laang net geléist, seet de Mohamed Eljarh, Libyen-Expert vum Rafik Hariri Center fir de Noen Osten zu Washington. 2014 huet Libyen op eemol eng zweet Regierung kritt. Engersäits stoung dunn déi islamistesch dominéiert Regierung zu Tripolis, déi déi demokratesch Walen am Juni 2014 net unerkannt huet. Op där aner Säit stoung d'Repräsentantenhaus zu Tobruk am Oste vu Libyen, dat international unerkannt ass, awer net vun Tripolis.

De Plang vun der UNO ass net opgaang

D’lescht Joer am Dezember hunn dunn d'Vereente Natiounen annoncéiert, datt eng nei Regierung a Libyen forméiert gëtt. Doduerch huet d'Land elo dräi Regierungsentitéiten – déi sech awer ënnerteneen net wierklech unerkennen. Déi nei Regierung vun der UNO gëtt vun engem Presidenteconseil vu néng Leit geleet. Viru kuerzem ass de Conseil op Tripolis geplënnert fir do d’Staatsgeschäfter an d’Hand ze huelen. "Et ass ironesch: Déi international Communautéit hat gehofft, si kéinten eng unifiéiert Regierung an een institutionelle Kader opzestellen. Mam eenzege Resultat dat eng weider Regierung entstanen ass", sou de Mohamed Eljarh.

Déi aktuell Regierung zu Tripolis huet et och net fäerdeg bruecht fir déi fragmentéiert Populatioun am Land nees ze vereenen, seet de Libyen-Expert weider. "Si gëtt haaptsächlech vun der Staat Misrata an den arméierte Gruppen do ënnerstëtzt. Mee si huet awer keng Kontroll oder Legitimitéit am Oste, Westen oder Süde vum Land".

"Alles wat d'Leit wëllen ass Fridden"

Dem fréiere franséischen Diplomat, Patrick Haimzadeh seet, datt déi oniwwersiichtlech Situatioun a Libyen dramatesch Auswierkungen op den Alldag vun der Populatioun huet. "Et gëtt a Libyen kee Staat méi, deen d'Bevëlkerung géif beschützen, dofir ass d'Onsécherheet och grouss am Land. Geiselnahmen si keng Seelenheet. Doriwwer eraus ass d'Präisdeirecht eropgaang, well d'Ressource knapps sinn an d'Banken hu bal kee Cash méi. D'Versuergung mat Liewensmëttel ass doduerch och schwiereg ginn".

No 40 Joer Gaddafi-Regime, an de politeschen Onrouen déi duerch säi Fall entstane sinn, wieren d’Libyer desillusiounéiert, esou de Patrick Haimzadeh. "D'Leit hunn es genuch mam Krich, alles wat si wëllen ass Fridden".

Och Problemer duerch IS a Flüchtlingskris

E weidere grousse Problem mat deem Libyen confrontéiert ass, ass d'Terrormiliz Islamesche Staat. Iwwer déi genee Zuel wéi vill Membere vum IS a Libyen aktiv sinn, gëtt vill spekuléiert: Deels gëtt vu 6.000, deels vun 10.000 Kämpfer geschwat, esou de Mohamed Eljarh. De Libyen-Expert ass der Meenung, datt den IS sech just konnt a Libyen ausbreede well et politesch Divergenzen am Land ginn. D'Populatioun géif de Grupp nämlech net ënnerstëtzen.

Och d'Flüchtlingskris kritt Libyen ze spieren: D'Land ass an där Hisiicht e wichtegen Dréipunkt. An deem Dossier, wéi och an deem vum Kampf géint den Islamesche Staat, hätt déi international Communautéit Pläng, déi um Terrain net ze realiséiere wieren, seet de Mohamed Eljarh.

Westen op der Sich no engem Accord

"Länner wei Däitschland an Italien wëllen e schnellen Accord iwwer d'Flüchtlingskris mat Libyen. Mee d’Land ass de Moment net capabel fir esou en Accord mat Europa ze maachen", seet de Libyen-Expert. Senger Meenung setzt de Westen d'Libyer ze vill ënner Drock, mam Zil "ee falscht Gefill vun Unitéit ze schafen" a "fir datt de Weste ka soen, et hätt en eng Regierung an en Interlocuteur".

De Libyen-Expert ass sech sécher, datt de Weste wäert enttäuscht ginn. Déi, déi d’Waffen an d’Muecht um Terrain hunn, wieren nämlech net der selwechter Meenung wéi déi international Communautéit.