Et géif eng Panoplie vun Aidë ginn, bei deenen och den Independant eligibel wier: mee natierlech wieren dës Hëllefe kee Chômage partiel, betount de Minister.
Hëllefen, wou gréisser Pertë sinn
De Lex Delles erënnert dorun, datt scho ronn 285 Milliounen Euro Hëllefen iwwer säi Ministère ausbezuelt goufen, wéinst de Konsequenze vun der Corona-Pandemie.
"Dat si Steiergelder, wou mer kucken d'Ekonomie ze stäipen, ze stäerken, fir datt mer eben Hand an Hand kënnen (...) duerch déi Kris ze goen. Natierlech ass, wann ech keng kleng Perte hunn, do kréien ech keng Aide, dat ass och ganz kloer vun Europa esou virgesinn."
Et géif dorëm goen, deene Betriber ze hëllefen, déi grouss Verloschter maachen, esou den DP-Minister. Et wier och an normalen Zäiten Opwand, déi Aiden unzefroen.
D'Alexa Ballmann, d'Presidentin vun der Associatioun "Jonk Handwierk" hat schaarf Kritik un d'Regierung wéinst hirem Ëmgang mat den Independante geriicht: D'Aidë wieren dacks u Konditioune gebonnen, déi nëmme schwéier nozevollzéie sinn, an déi eng ganz Rei méiglech Beneficiairë vu vir era géifen ausschléissen.
Néideg wier awer e Minimum u Kontroll, ier déi staatlech Hëllefen ausbezuelt ginn, ënnersträicht de Minister.
Méiglech Upassungen vun den Aiden
De Lex Delles schléisst net aus, datt d'Hëllefe fir de Mëttelstand och an den nächste Wochen a Méint virun un d'Restriktioune wéinst der Corona-Pandemie ugepasst ginn, iwwer dat eraus wat elo scho geplangt ass.
"Ech kann Iech beim beschte Wëllen net soe wéi mer an dräi Méint, oder wou a véier Méint nach Restriktioune wäerte sinn, wéi déi sinn. (...) Dofir ass et wichteg, datt mer ëmmer erëm eis Aiden och adaptéieren un d'Realitéit wéi se ass."
De Lex Delles ass doriwwer eraus iwwerzeegt, datt déi staatlech Hëllefen d'lescht Joer geholl hätten, e staarkt Klamme vun der Zuel vu Faillitte ze verhënneren.