Radioen

On air

Notturno  |  Artaban - A2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuergesch Cooperatioun mam Bertrand Piccard

Weltklimakonferenz

Lëtzebuergesch Cooperatioun mam Bertrand Piccard

Den 18. November ass d'Weltklimakonferenz zu Bonn op en Enn gaangen. Och am leschte Sträitpunkt si sech déi bedeelegt Länner eens ginn. Elo stinn eng Rei provisoresch Reegele fest, wéi de Klima-Akkord vu Paräis vun 2020 u soll ëmgesat ginn. Déi sollen op der nächster Klimakonferenz a Polen Enn vum nächste Joer endgülteg festgeschriwwe ginn. Um Bord vun der Konferenz huet sech e Grupp vu Länner a Regiounen donieft nach d'Zil gesat, bis 2030 aus der Kuelenenergie auszetrieden. Déi Lëtzebuergesch Ëmweltministesch Carole Dieschbourg zitt en éischter positive Bilan.

auto_stories

4 min

Carole Dieschbourg

Keng aner Initiativ krut um Bord vun der Weltklimakonferenz esou vill Opmierksamkeet: E Grupp ëm Groussbritannien, Kanada an eng Rei amerikanesch Bundesstaaten - am Ganze knapp 30 Acteuren - wëllt scho bis Enn vum nächste Joerzéngt net méi mat Kuel schaffen. Während Frankräich an d'Belsch sech bedeelegen, ass Däitschland awer net dobäi.

USA weise sech kooperativ

Déi däitsch Ëmweltministesch Barbara Hendricks (SPD) huet bei där Initiativ trotzdeem eng positiv Entwécklung gesinn. Ëmmer méi Stied a Regioune géifen sech vernetzen an de Klimaschutz virundreiwen. Et géif een och gesinn, datt grouss Deeler vun den USA net géifen noloossen, Trump hin oder hier. Ëmmer méi Länner géifen sech dozou decidéieren, d'Kuelenenergie opzeginn, well et ekonomesch an ökologesch sënnvoll ass.

An och d'Carole Dieschbourg weist sech positiv iwwerrascht iwwert d'Delegéiert aus den USA. Si hätten net blockéiert, an et hätt ee relativ konstruktiv Gespréicher kënne féieren.

D'USA waren 2016 ënnert der Féierung vum Donald Trump nees aus dem Klimaaccord vu Paräis erausgeklommen. An zënter dem Bäitrëtt vu Syrien an dësem Mount sinn d'Vereenegt Staaten och dat eenzegt Land, wat sech bei de Klimaschutzziler net bedeelegt.

"E Schrëtt an déi richteg Richtung"

Zu Bonn stoung dann och d'Anhale vun dësen Ziler besonnesch am Mëttelpunkt. Et goufe Reegelen ausgeschafft, wéi d'Ziler vu Paräis kënnen ëmgesat ginn. Eréischt déif an der Nuecht hu sech d'Länner op en Ofschlossdokument gëeenegt.

Et léichen elo all d'Positiounen um Dësch, sou d'Carole Dieschbourg. Op wichtege Punkten hätt ee Progrèse gemaach. Esou sollten och indigen Vëlker mat an dee Prozess agebonne ginn, an och d'Gläichberechtegung vu Mann a Fra wier e Sujet gewiescht. Komplett Satisfaktioun hätt een zwar net kritt, mä et hätt een e Schrëtt an déi richteg Richtung gemaach.

Och Aktioune virun 2020

Aus europäescher Siicht hätt een, wat d'Aktioune virun 2020 ubelaangt, e grousse Schrëtt no vir gemaach, betount d'Ëmweltministesch. Bis'Enn vum Joer sollt een an Europa nämlech nach de Kyoto-Protokoll ratifizéieren. Lëtzebuerg hat dee Protokoll schonn 2001 ratifizéiert.

"Et ass vis à vis vun deenen, déi am meeschten ënnert dem Klimawandel leiden, e grousst Zeechen, datt Europa wierklech zu deenen Ambitiéise gehéiert."

De Kyoto-Protokoll verflicht zu enger Reduktioun vun den Emissioune vu klimaschiedleche Gase bis 2020.

Keng Plattform fir finanziell Schied

Kee Succès hat iwwerdeems de globale Süde mam Versuch, eng Plattform fir finanziell Schied ze schafen, déi duerch de Klima entstinn. D'Industriestaaten hunn nämlech Angscht, finanziell fir den Ausfall vu Recolten duerch Dréchent, oder Iwwerschwemmungs-Dégate responsabel mussen ze sinn.

An och d'Net-Regierungsorganisatioune si just bedéngt zefridde mam Resultat vun der Konferenz. Et hätt een a verschiddene Froen zwar Fortschrëtter gemaach, sot de Sven Harmeling vun der Hëllefsorganisatioun CARE, an awer wier een enttäuscht, datt no de massive Klimaauswierkungen, déi een an de leschte Méint gesinn hätt, keng wierklech ambitionéiert Resultater bei de Verhandlungen erauskomm wieren.

Polen als Klimaschutz-Brems

Déi Reegelen, déi zu Bonn festgehale goufen, sinn allerdéngs nach net endgülteg festgeschriwwen. Dëst soll d'nächst Joer bei der 24. Weltklimakonferenz am polnesche Katowice geschéien. Genee wéi säin Noper Däitschland huet Polen sech zu Bonn net dozou verflicht, aus der Kuel erauszeklammen - a gëllt als Klimaschutz-Brems an Europa.

Déi Lëtzebuerger Ëmweltministesch Carole Dieschbourg zitt awer en éischter positive Bilan vun der Klimakonferenz zu Bonn. Et wier ee sech bewosst gewiescht, datt och no där Konferenz nach vill Efforte misste gemaach ginn. Mä et hätt een eng gutt Basis kënne setzen, fir d'nächst Joer weiderzeschaffen.

Cooperatioun a Saachen erneierbar Energien

D'Ministesch huet och confirméiert, datt Lëtzebuerg am Beräich vun den erneierbaren Energië mam Bertrand Piccard wëllt zesummeschaffen. De Schwäizer ass als éischte Mënsch mat engem Ballon a mat engem Solarfliger ronderëm d'Äerd geflunn. Hie gëllt als Pionéier a Saachen erneierbar Energien an neien Technologien.

De Bertrand Piccard war am Juli schonn eemol zu Lëtzebuerg, fir e Projet zesumme mam Luxembourg Institute of Science and Technology, LIST. En éischte Kontakt wier entstanen. Do wier iwwert d'Fuerschung geschwat ginn, sou nach d'Carole Dieschbourg, an d'Wichtegkeet fir Reegelen an e gesetzleche Kader ze setzen. Fir méi iwwert dës Zesummenaarbecht ze soen, wier et awer nach ze fréi.


Interview vum Paule Rodesch mat der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg:

Lauschterenplay_arrow

Bäitrag vum Matthias Kirsch zur Weltklimakonferenz:

Lauschterenplay_arrow