Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  JW Francis - Orbit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Reaktiounen op d'Bundestagswalen

Däitschland

Lëtzebuerger Reaktiounen op d'Bundestagswalen

Fir de Claude Wiseler ass d'Walresultat vun der CDU "historesch e schrecklech schlecht Resultat". De Jean Asselborn an d'Djuna Bernard mengen, datt d'FDP an d'Bündnis90/Die Grünen decidéieren, wien däitsche Kanzler gëtt.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


De Jean Asselborn huet de Moien am 100,7-Interview betount, datt weder d'SPD nach d'CDU richteg géifen decidéieren, wien neien däitsche Kanzler gëtt, dat géifen weder d'SPD nach d'CDU richteg decidéieren, mee déi däitsch Gréng oder/an d'FDP.

De Lëtzebuerger Ausseminister schwätzt vun enger "Zersplitterung vum Walresultat": dowéinst géifen och an Däitschland méi wéi zwou Parteie fir eng Regierung gebraucht ginn.

Jean Asselborn fënnt Ampel-Koalitioun fir "net onlogesch"

De Jean Asselborn geet dovun aus, datt d'SPD an Däitschland offiziell fir Sondéierungsgespréicher wäert invitéieren. D'CDU hätt bal néng Prozentpunkte verluer, d'SPD hätt fënnef Prozentpunkte gewonnen, grad ewéi déi gréng sechs Prozentpunkte gewonnen hunn.

"Am Fong wier et jo elo net onlogesch, wann SPD, Gréng an FDP géife sech fanne fir eng Koalitioun ze maachen."

De Lëtzebuerger Ausseminister geet awer dovunner aus, datt d'Walresultat net an der nächster Woch tranchéiert wäert sinn.

CSV: een enttäuschend Resultat fir d'CDU

Iwwer dat "historesch schlecht Resultat" fir d'CDU weist de Claude Wiseler sech enttäuscht. Och wann hie sech wéinst de Sondagen esou ee Resultat erwaart huet, "wann et an der Realitéit awer antrëtt, ass dann ass et enttäuschend dat ass evident":

Zur Fro, ob et dem Olaf Scholz geléngt neie Kanzler ze ginn, oder ob den Armin Laschent nach eng Chance huet, seet den CSV-Parteipresident, datt déi Course nach op wier. Fir de Claude Wiseler schéngt et awer "evident", datt den Olaf Scholz e Virsprong huet.

"Mee op där anerer Säit geet et natierlech dorëm fir eng zolidd Majoritéit ze bilden. An dat ass och dat, wat ech mer wënschen, datt an Däitschland - egal wéi se ausgesäit - eng zolidd Majoritéit kënnt. Dat ass gutt fir Europa, dat ass wichteg fir Europa, dat ass wichteg fir eis alleguer."

déi gréng: FDP a Bündnis90/Die Grünen si "Kanzlermacherparteien"

D'Co-Presidentin vun de Lëtzebuerger Gréngen Djuna Bernard hirersäits hofft, datt déi däitsch Gréng an der Formatioun vun enger neier Regierung "eng ganz staark Roll" wäerten iwwerhuelen.

"Et ass evident, dass déi däitsch Gréng an d'FDP "Kanzlermacherparteie" gi sinn. Dat ass jo wuel awer dee warscheinlechsten Zenario, datt mer op eng Dräierkoalitioun wäerten histeieren, wou déi Gréng, hoffentlech, egal wéi een Deel vun där Regierung wäerte sinn."

Néideg wier och an Däitschland eng staark gréng Partei, mat staarke grénge Positiounen: dowéinst hätt si "ganz héich Erwaardungen" un déi gréng Schwësterpartei, esou d'Djuna Bernard.