Radioen

On air

Notturno  |  Hania Rani - Hello

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Firma Rotarex entwéckelt Ventiller fir Waasserstoffautoen

Automobilindustrie

Lëtzebuerger Firma Rotarex entwéckelt Ventiller fir Waasserstoffautoen

Zanter 100 Joer entwéckelt d'Entreprise Rotarex mat Sëtz zu Lëntgen Drockgasventiller fir déi verschiddenst Beräicher. 20 Joer ass et hir datt ugefaange gouf, un der Entwécklung vu Ventiller fir Waaserstofftanken ze schaffen. An dësem Kader huet Rotarex mat der Uni Lëtzebuerg kooperéiert, wou eng Dokteraarbecht zum Thema geschriwwe gouf.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


A Kooperatioun mat der Uni Lëtzebuerg huet Rotarex zwee verschidde Modeller vu Ventiller entwéckelt, déi ënnerschiddlech héijem Drock kënne standhalen.

Material war wichteg bei der Entwécklung

Déi technesch Ufuerderungen un d'Material wiere bei der Entwécklung eng grouss Erausfuerderung gewiescht, erkläert de Frank Heser, Ingenieur bei Rotarex.

Dofir hätt ee besonnesch op d'Festegkeet an och d'Dauerstand-Festegkeet vum Material gekuckt. Duerch eng Dokteraarbecht op der Uni Lëtzebuerg wier d'Verhale vum Material ënnersicht ginn, esou de Frank Heser.

Dofir goufe reegelméisseg Simulatiounen an Tester gemaach.

Marché ass nach net stabil

Bei Rotarex ass een iwwerzeegt, datt Waasserstoff an Zukunft ganz wichteg wäert ginn. Dofir hätt ee sech scho fréi domat beschäftegt, fir entspriechend Ventiller ze entwéckelen déi a Waasserstoffautoe kënne benotzt ginn.

Allerdéngs wier et net ëmmer einfach op déi Technologie ze setzen, erzielt de Frank Heser.

De Marché hätt sech virun allem an Europa nämlech net esou entwéckelt wéi een sech dat virgestallt hätt, an et géif vill hin an hier ginn deen duerch politesch Entscheedungen an technesch Konkurrenz gedriwwe wier.

Ventiller ginn als éischt um chineesesche Marché verkaaft

Ventiller, déi bis Enn dës Joer an d'Produktioun solle goen, kommen dofir elo nach net an Europa, mee fir d'éischt emol a China op de Marché.

De Frank Heser vu Rotarex seet, dëst wier well de Marché a China einfach méi wäit wier wéi hei:

"[...] es gibt ja eine andere Wirtschaftsform dort - da wurde beschlossen, dass jetzt Brennstoffzellenautos gebaut werden, Busse, LKW und PKW, und das wird einfach gemacht. Da sind jetzt grössere Stückzahlen gefragt und deswegen steigen wir da ein."

Den Ament waart ee bei Rotarex awer nach op déi néideg Zouloossung fir d'Ventiller fir Waasserstofftanken um chineesesche Marché kënnen ze verkafen, esou nach de Frank Heser.