Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Extra-Wonsch kënnt net gutt un

EU-GROUSSBRITANNIEN

Lëtzebuerger Extra-Wonsch kënnt net gutt un

Dat, wat fir Lëtzebuerg am wichtegsten ass, soll aus deem zukünftege Fräihandelsaccord mat Groussbritannien eraus bleiwen: D'Finanzservicer sollen extra gereegelt ginn. Lëtzebuerg gefält dat net an huet proposéiert, se an den Accord mat anzeschléissen. Am Europaparlament stéisst déi Iddi op Kritik.

auto_stories

5 min

D'Finanzservicer hunn näischt an engem Handelsaccord mat Groussbritannie verluer. Där Meenung ass d'Majoritéit vun den Europadeputéierten. Sou och de Chef vun de Chrëschtdemokraten am Europaparlament, de Manfred Weber. Op d'Lëtzebuerger Propos ugeschwat, seet hien:

"Großbritannien hat beschlossen, die EU zu verlassen. Wer das für sich entscheidet, muss damit leben, dass er die Vorteile der Gemeinschaft verliert. Das betrifft eben auch den Finanzmarkt. Großbritannien lebt heute davon, dass die City of London so mächtig ist und unsere Geschäfte dort getätigt werden. Und das wird sich mit dem Brexit verändern. Deswegen ist es richtig, die Finanzmärkte als eigenes Themenfeld separat zu diskutieren."

Esou proposéiert et och déi Europäesch Kommissioun. D'Finanzservicer sollen net am Accord selwer, mee duerch sougenannten Equivalenze gereegelt ginn. An deem System leet d'Kommissioun fir all Beräich fest, ob d'Reegele vum Handelspartner gläichwäerteg sinn, eréischt da ginn déi respektiv Servicer um europäesche Marché zougelooss.

EU soll um Rudder bleiwen

De Finanzminister Pierre Gramegna hat déi lescht Woch am 100,7-Interview Versteesdemech fir déi brittesch Kritik un deem unilaterale System opbruecht.

"Wann d'Kommissioun seet, dat doten ass net equivalent, dann ass et esou. Et ass also ee System, iwwer deen d'Drëttlänner soen, datt d'Rechter do net ganz equilibréiert sinn. Eis brittesch Kolleege froen, datt dee System soll méi effizient, méi equilibréiert a manner willkürlech ginn. Ech kann dat zum Deel novollzéien."

De Pierre Gramegna huet sech dowéinst gefrot, ob et effektiv net besser wier, d'Finanzservicer an den Handelsaccord mat Groussbritannien anzeschléissen.

De Martin Schirdewan, Co-Fraktiounschef vun deene Lénken am Europaparlament, reprochéiert der Lëtzebuerger Regierung, de Britten hei wëllen entgéintzekommen.

"Bilaterale Vorstöße einzelner Mitgliedstaaten in Richtung Großbritannien sind jetzt fehl am Platz. Die Europäische Union sollte Geschlossenheit zeigen, vor allem im Interesse der Bürgerinnen und Bürger. Es geht darum, die Finanzmärkte zu stabilisieren. Boris Johnson hat schon angekündigt, dass er sich vorstellen kann, ein Singapur an der Themse zu errichten. Das heißt auch massiv im Finanzsektor zu deregulieren."

Streng Reegelen och an engem Accord

Genee dat wëllt d'Parlament verhënneren. Sinn d'Finanzservicer Deel vun engem Accord, misste souwisou och do streng Reegelen de But sinn, seet de Grénge Philippe Lamberts.

"Je ne dis pas non à priori, mais cela aura, en tout cas de notre point de vue, des conséquences très importantes. À la fois en terme d'alignement sur le plan de régularisation financière, mais aussi sur le plan du blanchiment et de la fiscalité."

Fir de Belsch geet et Lëtzebuerg hei virun allem dorëm, d'Interête vun der eegener Finanzplaz ze verteidegen. Et wier awer d'EU a virun allem net Groussbritannien, déi um Hiewel bleiwe misst.

"Il n'est pas question de donner un droit de regard au gouvernement britannique là-dessus. J'ai bien compris que le ministre des finances luxembourgeois voudrait assouplir un nombre de choses, mais là - désolé non. Le Brexit aura des conséquences, y compris sur la manière que les affaires de la place financière luxembourgeoise seront réglées."

EU-Parlament wëllt Finanzservicer extra reegelen

D'EU géif net iwwer Equivalenzen diskutéieren, sou och en Dënschdeg déi kloer Äntwert vum EU-Chef-Negociateur Michel Barnier, op Nofro vun Europadeputéiert zu Stroossbuerg.

D'Parlament huet sech sengersäits e Mëttwoch an enger Resolutioun hanner d'Kommissioun gestallt a sech dofir ausgeschwat, de System vun den Equivalenzen ze reegelen an d'Finanzservicer aus dem Accord erauszehalen.

Géif een dat net maachen, hätt een och do een Zäitproblem, seet den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen.

"De Lëtzebuerger Wonsch ass ganz kloer berechtegt. Mir mussen awer och kucken, wat wëllt déi aner Säit. D'Britte soen eis ganz kloer am Moment: et gëtt keng Verlängerung vun den Negociatioune vun deem Handelsaccord. Dat heescht, datt mer bis Summer mussen een Accord stoen hunn, deen nach iwwer dee ganzen Instanzewee muss goen. Mir mussen also realistesch sinn."

Och den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel bréngt Versteesdemech fir d'Positioun vun der Regierung doheem op, awer och fir déi vum Parlament:

"De Virdeel vun den Equivalenzen ass, datt am Fall vun engem Problem, mir selwer, dat heescht Europa, d'Kommissioun decidéiert, datt d'Equivalenz ewechgeholl gëtt. Wann alles an engem Ofkommes gereegelt ass, da kënnt et zu engem Dispute settlement, an do kann een och emol verléieren. Do sëtzt een net um längeren Hiewel. Dowéinst kann ech d'Positioun vum Europaparlament novollzéien. Natierlech verstinn ech och déi lëtzebuergesch, mee ech weess awer och, datt d'Lëtzebuerger wëssen, datt mir déi vläicht net duerchkréien. An datt mir elo do och net blockéieren, wa mir dat net duerchkréien."

Bis Enn des Mounts soll déi definitiv Versioun vum europäesche Mandat virleien, mat deem de Chef-Negociateur Michel Barnier dann an d'Verhandlungen iwwer een Accord mat Groussbritannie geet.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.