Lëtzebuerger EU-Presidence: Dateschutz op der Agenda

De Justizminister Felix Braz geet dervun aus, dass d’Verhandlungen iwwert dat neit europäescht Dateschutzreglement während der Lëtzebuerger EU-Presidence schwiereg wäerte ginn. Dat well d’Positioun vun de Memberstaten ëmmer méi wäit ewech réckelt vun deem wat d’Europaparlament fuerdert. Déi europäesch Justiz- an Inneministere wëlle bei der Weiderverwäertung vun Donnéeën eng manner strikt Zweckgebonnenheet aféieren, wat bei den Europadeputéiert an och bei den europäeschen Dateschutzautoritéiten op Kritik stéisst.

De grénge Justizminister betount, dass et sënnvoll Argumenter "besonnesch am Beräich Big Data" ginn, fir d'Weiderverwäertung vun anonymiséierten Donnéeën zouzeloossen. Mee d'Rechter vum Internetnotzer misste geschützt ginn: "Déi Liichtegkeet mat där verschiddener doriwwer weg wëlle goen, deelen ech net. Mee ech kann net just mat menger perséinlecher Iwwerzeegung an d'Verhandlunge mam Europaparlament goen. Sos fanne mir do kee belaaschtbaren Accord." Am Juni soll d’Positioun vum Ministerconseil zum Dateschutzreglement definitiv festgehal ginn. Déi Lëtzebuerger Presidence huet d'Aufgab, bis Enn des Joers d'Gespréicher mam Parlament ofzeschléissen. Als Vertrieder vum Conseil géif hie mat engem "mühselege Kompromëss" an déi Verhandlunge goen, während d'Europaparlament eng staark Ausgangspositioun hätt, mat enger breeder Majoritéit fir ee staarken Dateschutz.

Den Interview vum Pia Oppel mam Felix Braz iwwer d'Reform vun der europäescher Dateschutzgesetzgebung:

 

De Felix Braz seet sech dann onzefridden doriwwer, dass nach keng gemeinsam europäesch Conclusiounen aus dem Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff iwwer d'Vorratsdatespäicherung gezu goufen. D’EU-Kommissioun huet fir den Ament net wëlles eng entspriechend Initiativ ze huelen, sot rezent de Kommissär Dimitris Avramopoulos. Wann sech dat confirméiert, da wäert déi Lëtzebuerger Regierung d’Thema während der Presidence op d’Dagesuerdnung setzen, sou de Justizminister Felix Braz: "Egal, ob een derfir oder dergéint ass. Et ass inakzeptabel, dass et 28 verschidden national Äntwerten op d'Uerteel ginn."

An Holland an a Bulgarien goufen déi national Gesetzer iwwer d’Vorratsdatespäicherung rezent vun de respektive Geriichter annuléiert. Zu Lëtzebuerg huet d'Regierung decidéiert, d’Gesetz punktuell ze änneren. Déi juristesch Situatioun bleift awer och mat der Reform onsécher. De Felix Braz betount, "wann hei och een de Wee op d'Cour Constitutionelle fënnt, kéint et eventuell d'selwescht goen." Wat zu Lëtzebuerg geplangt ass, wann keng gemeinsam europäesch Gesetzgebung zur Vorratsdatespäicherung méi zustan kënnt, dozou wollt de Justizminister sech nach net äusseren.

De Felix Braz zur Vorratsdatespäicherung:

Programm

Net verpassen

  • Voices vum Max Richter

    Max Richter

    Dem brittesche Komponist seng nei Kompositioun gëtt um internationalen Dag vun de Mënscherechter, den 10. Dezember, am Reseau vun der Union Européenne de Radio-Télévision diffuséiert.

    Dësen Donneschdeg, owes um 8 Auer - och um radio 100,7

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen