Radioen

On air

Kultur um 5  |  "Mir testen eis Bicher un eisen eegene Kanner"

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg wëllt Waffe fir d'Ukrain akafen

Konflikt tëschent Russland an Ukrain

Lëtzebuerg wëllt Waffe fir d'Ukrain akafen

Lëtzebuerg wäert d'Ukrain weider mat Militäresche Waffen ënnerstëtzen, seet de François Bausch. Dës Kéier solle keng Waffen aus dem Stock geschéckt ginn, mee neier akaaft ginn, esou de Verdeedegungsminister.

auto_stories

2 min

Den Etat Major Steve Thull an de Verdeedegungsminister François Bausch zu Ramstein. Foto: Ministère de la Défense

Lauschterenplay_arrow

Op der amerikanescher Militärbasis Ramstein hu sech gëschter op Invitatioun vun den USA, Verdeedegungsminister aus iwwer 40 Länner gesi fir iwwer de Krich an der Ukrain ze beroden.

D'Ukrain bräicht an den nächste Woche besonnesch Ënnerstëtzung, well een den Ament an enger decisiver Phas vum Konflikt tëschent Russland an der Ukrain wier, esou de François Bausch.

Lëtzebuerg keeft nei Waffen an

Anescht wéi déi éischte Kéier wäert Lëtzebuerg dës Kéier Waffe fir d'Ukrain akafen, an net déi aus dem Stock liwweren, seet de François Bausch am 100,7-Interview.

"Mir hu jo am Ufank Panzerwaffe geliwwert, mir wäerte weider an déi Richtung goen. Villäicht och nach méi sou Ofwierrakéiten. Alles wierklech letaalt Material, wat awer schonn hefteg ass, fir datt een natierlech kann déi néideg Ofwier maachen a sech do kënnen ze verdeedegen."

D'Regierung wier aktuell am Gaange sech dat am Detail unzekucken - Detailer wollt de François Bausch net soen.

Datt Däitschland elo no villen Diskussiounen awer Panzeren un d'Ukrain liwwert fënnt de grénge Minister eng richteg Decisioun - et géif keen Ënnerscheed zu anerem Material ginn, wat an d'Ukrain geliwwert ginn, seet de Verdeedegungsminister:

"Mee et muss virun allem e Material si fir datt d'Ukrain sech wierklech ka verdeedegen. Well soss mécht dat Ganzt kee Sënn."

Warnunge seriö huelen, mee sech net beandrocke loossen

Et dierft ee sech net vun an den Aussoe vum russeschen Ausseminister beandrocke loossen, esou nach de Verdeedegungsminister François Bausch. De Sergej Lawrow hat rezent virun enger méiglecher atomarer Eskalatioun vum Krich an der Ukrain gewarnt, déi zum Drëtte Weltkrich kéint féieren.

D'NATO wier net am Krich géint Russland, esou de grénge Minister, d'NATO hätt och kee Land ugegraff, mee Russland hätt en onofhängegt a souveräänt Land ugegraff. "D'NATO ass am Krich mat kengem", esou de François Bausch.

Et misst een awer all Warnung seriö huelen. De François Bausch gesäit dann och der Demande vu Finnland a Schweden fir en NATO-Bäitrëtt optimistesch entgéint.