Radioen

On air

Notturno  |  Gruff Rhys - People Are Pissed

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg setzt Impfunge mat AstraZeneca zäitweis aus

Impfstrategie

Lëtzebuerg setzt Impfunge mat AstraZeneca zäitweis aus

Nodeems verschidden EU-Länner d'Impfung mat AstraZeneca ausgesat hunn, schléisst Lëtzebuerg sech dëser Positioun un. Et géif sech heibäi ëm eng Precautiounsmesure handelen, preziséiert d'Regierung an engem Communiqué.

auto_stories

1 min

Verschidden EU-Memberstaaten, dorënner Däitschland a Frankräich, haten den AstraZeneca-Impfstoff schonn ausgesat, heescht et am Communiqué. Dat wier awer just temporär, bis datt eng genee Analys vun der Europäescher Medikamentenagence virläit.

D'EMA hätt an engem Avis awer ënnerstrach, datt d'Virdeeler vun enger Impfung mat AstraZeneca de méiglechen Niewewierkungen géigeniwwer iwwerweien.

Impfunge mam AstraZeneca-Impfstoff wäerten och zu Lëtzebuerg trotzdeem net méi gemaach ginn, bis datt d'Analys vun der EMA fäerdeg ass. D'Regierung erwaart sech e Resultat vun dëser Enquête bis Enn dëser Woch.