Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg kritt keng komplett nei Verfassung

Verfassungsreform

Lëtzebuerg kritt keng komplett nei Verfassung

Lëtzebuerg wäert definitiv keng komplett nei Verfassung kréien. Dat aktuellt Grondgesetz soll a Phase reforméiert ginn. Dat gouf den Dënschdeg no der zoustänneger Chamberkommissioun ugekënnegt. E grousse Verfassungs-Referendum wäert et net ginn.

auto_stories

2 min

Foto: Wikimedia Commons

De President vun der zoustänneger Chamberkommissioun an LSAP-Fraktiounschef huet proposéiert, fir de Projet "opzestéckelen" a fir an Etappe virzegoen. Een Ziel géif et bleiwe fir virum Enn vun der Legislatur-Period 2023 d'Verfassung ze moderniséieren, esou den Alex Bodry. Déi grouss Iddien aus dem Text fir déi geplangten nei Verfassung solle gerett ginn.

An de leschte Woche goufen et véier informell Reuniounen tëschent den dräi Majoritéits-Parteien an der CSV, fir de Blockage a Saache Verfassung ze léisen. De Léon Gloden, Member vun der Kommissioun fir d'Verfassungsreform seet, hie wier zefridden. Et géif ee mat der Verfassung viru kommen. Et missten eng Rei Dispositiounen an der Verfassung geännert ginn, fir datt dës an engem moderne Staat Bestand kéint hunn, sou den CSV-Deputéierten, ouni méi konkret ze ginn.

Oppositiounsparteien: "Deal" a "Kouhandel"

Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen huet sech den Dënschdeg komplett iwwerrascht gewisen. Hie schwätzt vun engem "Kouhandel" tëschent deene véier grousse Parteien.

Ënner dem Stréch géif d'Populatioun elo net méi ëm hirem Avis gefrot ginn a verschidde Froen iwwer de Walsystem, iwwer d'Bezierker, iwwer de Cumul vun de Mandater dierften iwwerhaapt net méi am Kader vun der Verfassungsreform behandelt ginn, mee just nach separat.

De Marc Baum kritistéiert de Wee, deen déi véier grouss Parteien ageschloen hu ganz schaarf. Hie schwätzt vun enger fundamentaler Mëssuechtung vum Parlament. CSV, LSAP, déi gréng an d'DP hätten "iergendeen Deal ënner sech ausgemaach". Fir hien ass d'Approche vun deene véier Parteien net nozevollzéien, nodeems "Joerzéngte laang un engem Text geschafft ginn ass".

Bis déi nächst Sitzung vun der Chamberkommissioun de 6. Dezember, soll eng Lëscht mat ronn 30 wichtege Punkten ausgeschafft ginn, déi no an no déi aktuell Verfassung sollen ofänneren.