Radioen

On air

Notturno  |  Rosali - On Tonight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg erëm Risikogebitt an Däitschland

Corona-Pandemie

Lëtzebuerg erëm Risikogebitt an Däitschland

Däitschland huet Lëtzebuerg erëm als Risikogebitt klasséiert. Dat schreift den Ausseministère an engem Communiqué.

auto_stories

2 min


Erklärunge vum Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselbornplay_arrow


Dëst kéint scho vun haut den Owend u gëllen. Leit, déi an Däitschland reese wëllen, mussen deemno erëm en Test maachen. Den Ausseminister Jean Asselborn stéing an enkem Kontakt mat sengem däitschen Homolog Heiko Maas, heescht et am Communiqué.

Fir verschidde Bundeslänner ginn et awer Ausnamen, wat d'Quarantän ugeet, heescht et aus dem Ausseministère.

Am Communiqué vum Ministère gëtt betount, datt d'Infektiounszuelen zanter Deeg nees réckleefeg wieren an de Reproduktiounstaux nees ënner 0,95 gefall wier. Et géif sech beméit ginn, d'Auswierkunge vun dëser neier Astufung op d'Populatioun zesumme mat de Grenzregiounen esou kleng wéi méiglech ze halen.

Risikogebitt och an der Belsch an an der Schwäiz

Och an der Schwäiz gëllt Lëtzebuerg vun e Méindeg un nees als Corona-Risikogebitt. Da musse Lëtzebuerger Residente bei hirer Arees an d'Schwäiz zéng Deeg a Quarantän. Déi kann awer net mat engem negative Corona-Test verkierzt ginn.

Zanter de Mëtteg gëllt Lëtzebuerg och schonn an der Belsch als Risikogebitt. Wie méi laang wéi 48 Stonne bei eise belschen Nopere wëll bleiwen, muss a Quarantän an e Corona-Test maachen. Dovun ausgeholl si Frontalieren an d'Lëtzebuerger Studenten an der Belsch.