D'EU huet Grousses Wëlles a proposéiert eng fundamental Reform. Et geet ëm eng aner Form vun der Verdeelung vu Suen, duerch déi d'Bauere weiderhin ënnerstëtzt solle ginn. Ënner anerem sollen och direkt Subsiden u Konditioune wéi Ëmweltoplage geknäppt ginn.
D'Reform vun der europäescher Agrarpolitik stoung op en Neits e Méindeg um Ordre du jour vun enger Reunioun vun den EU-Agrarministeren. "Een ambitiéise Pak", seet de Lëtzebuerger Landwirtschaftsminister am 100 Komma7-Interview. Fir deen ëmzesetzen bräicht een och Geld, an dowéinst hätten d''Agrarministeren et nach eng kloer gestallt, datt si net domat d'accord sinn, datt am Agrarsecteur gekierzt gëtt. "Wann een d'Bauere méi responsabiliséiere wëllt, muss een hinnen och déi néideg Moyenne zur Verfügung stellen", seet de Romain Schneider.
De Brexit rappt awer ee Lach an den EU-Budget. De Kommissär fir de Budget, de Günther Oettinger, huet nach virun e puer Deeg betount, d'Bauere sollte sech op véier bis fënnef Prozent manner am Budget astellen.
Wat heescht dat da konkret fir Lëtzebuerg? Fir op déi Fro ze äntweren, misst een dee ganze Planning vun der Reform kennen, sou de Romain Schneider. Et wier zum Beispill wichteg ze wëssen, wat genee hannert deene geplangten "indicateurs de performance" stécht.
"Eis Leit si prett dat genee auszerechnen a Simulatiounen ze maachen", sou de Romain Schneider. Et wier elo awer nach ze fréi, Pronosticken ze maachen. Dofir wier de Plang nach net konkret genuch.
Limitt pro Betrib fir Jongbaueren eropsetzen
Diskutéiert gëtt och driwwer, datt Direkt-Subside fir grouss Betrib gekierzt solle ginn an et gëtt och iwwer eng Limitt vun 100.000 Euro pro Betrib geschwat. Dat ass net onëmstridden. Lëtzebuerg huet bis elo zu deene Länner gehéiert, déi sech dofir asetzen, datt des Limitt net imposéiert gëtt, mee fräiwëlleg festgeluecht ka ginn. Et misst ee fir d'éischt den aktuelle System evaluéieren, an dann iwwer esou Limitten diskutéieren, seet dozou de Romain Schneider. Hie begréisst, datt Limitt fir Jongbauere gehéicht gouf. Dat wier aus Lëtzebuerger Siicht dee richtege Wee.
"Fräiwëlleg Mesuren hu gutt funktionéiert"
D'Agrarreform gesäit vir, datt national Autoritéite méi Responsabilitéit kréien. Bréissel wier an Zukunft manner, an d'Memberlänner selwer méi dofir zoustänneg, d'Suen ze verdeelen. Vill Länner, dorënner och Lëtzebuerg fäerten doduerch ee méi héijen administrativen Opwand. Op laang Sicht dierft dat net de Fall sinn, fënnt de Romain Schneider. An éischter Phas wieren awer sécher méi Personal a méi technesch Moyenen néideg.
Déi direkt Subside sollen u méi héich Ëmweltoplage geknäppt ginn. D'Agrarministeren hunn dëse Méindeg och iwwer déi sou genannt gréng Architektur diskutéiert. D'Kommissioun proposéiert, datt d'Konditiounen obligatoresch sinn. Dat gesäit de Romain Schneider anescht. "Fräiwëlleg Mesuren hunn zu Lëtzebuerg gutt funktionéiert", sou de Landwirtschaftsminister. Op där Basis wéilt ee weider verfueren.
Brexit kéint Konsequenze fir Baueren hunn
Virun allem e Brexit ouni Accord kéint och direkt Konsequenze fir d'Lëtzebuerger Baueren hunn. Groussbritannien ass e wichtegen Importateur vu landwirtschaftleche Produiten.
Lëtzebuerg exportéiert virun allem Mëllech a Mëllechproduiten op d'Insel. Duerch en ongereegelte Brexit kéint et awer och dozou kommen, datt méi irescht Rëndsfleesch um europäesche Marché lant. Dat kéint Repercussiounen op de Präis um Marché an domat och fir d'Lëtzebuerger Baueren hunn.
D'Regierung wier am gaangen an hirer Spezial-Cellule am Ausseministère d'Situatioun och am Agrarberäich ze analyséieren, esou de Landwirtschaftsminister Romain Schneider. Hie setzt op Iwwergangsperioden an op Konventiounen, fir méiglech negativ Konsequenzen opzefänken.
"Do musse mer kucken, fir déi néideg Flexibilitéit ze behalen an alles dat iwwer d'Marchéë respektiv Konventiounen ze reegelen. Dat huet bis elo gutt funktionéiert."
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.