Radioen

On air

Notturno  |  Maybel - Long Road Ahead

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg an déi international Steiergerechtegkeet

Finanzplaz

Lëtzebuerg an déi international Steiergerechtegkeet

Mam "Collectif Tax Justice" huet Lëtzebuerg seng éischt Biergerbeweegung, déi sech kritesch mat der Finanzplaz ausenaner setzt. De Kollektiv gouf als Reaktioun op d'LuxLeaks-Revelatioune gegrënnt an huet sech elo eng éischte Kéier ëffentlech manifestéiert.

Pia Oppel / ckl

auto_stories

5 min

"D'Fro no der Legitimitéit vun eise Steierpraxissen muss opgeworf ginn", heescht et vum "Collectif Tax Justice"

Am November 2014 war bekannt ginn, dass multinational Konzerner iwwer Lëtzebuerger Steiermontagen deels bal guer keng Steiere méi bezuelen. Déi aggressiv Steieroptiméierung wier natierlech en internationale Problem, seet de Mike Mathias, ee vun de Spriecher vum Kollektiv. An awer misst och zu Lëtzebuerg eppes passéieren: "Déi Fro no der Legitimitéit vun eise Steierpraxissen muss opgeworf ginn, a fir dat besser ze maachen, gi mir an d'Ëffentlechkeet".

Fir Kompetenzen a komplexe Beräicher ewéi Steieren- a Finanzsystemer opzebauen, sicht de Kollektiv den Austausch mat Finanz- a Steierexperten an organiséiert Virtreeg a Konferenzen. D’Steieren wieren ee Sujet, dee jidderee betrëfft, an iwwert deen eng breet, ëffentlech a fräi Debatt misst geféiert ginn, zemools well och am Secteur selwer ëmmer méi Leit sech deontologesch Froe géife stellen.

Ni ze spéit fir eng kritesch Ausenanersetzung

Et wier néideg, dass d'Bierger weider kritesch Froen iwwer déi international Steiergerechtegkeet stellen, där Meenung ass de liberalen Europadeputéierte Michael Theurer. Och fir d'Europaparlament war LuxLeaks den Ausléiser fir sech kritesch mam Thema Steiergerechtegkeet ausenaner ze setzen. Eng Spezialkommissioun gouf gegrënnt fir d'Steiernische fir multinationale Konzerner ënner d'Lupp ze huelen. 

An Tëschenzäit hätt sech awer scho vill geännert, seet de Michael Theurer, deen och Co-Rapporter vun där Kommissioun "Taxe" ass. De Michael Theurer betount, dass déi Lëtzebuerger Regierung während der EU-Semesterpresidence derzou bäigedroen hätt, dass een zum Beispill beim Austausch vu Steier-Rulinge viru komm wier. Hien bedauert awer, datt de Virschlag vun der Kommissioun "verwässert" gi wier, well d'Roll vun der Kommissioun als "Clearingsacteur" net zum Droe géif kommen. 

Politik oppe fir en Dialog

Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot betount, dass d'Politik zu Lëtzebuerg op verschidde Mëssstänn reagéiert hätt a weider bereet ass, d'Nohaltegkeet vun der Finanzplaz kritesch ze hannerfroen. An deem Kontext hält hien d'Iddie vum "Collectif Tax Justice" fir ee wäertvolle Bäitrag. "Ech fannen, dat wat si vertrieden ass kompatibel mat deem wat mir als Majoritéit, a besonnesch als LSAP, vertrieden", sou den LSAP-Députéierten.

Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar kann sech och virstellen, dass d'Initiativ ee konstruktive Bäitrag zur Diskussioun iwwer de Lëtzebuerger Wirtschaftsmodell ka leeschten. "De Bierger ass haut vill méi kritesch mat deene Finanzpraktiken. Eng Finanzplaz wéi déi Lëtzebuergesch muss haut méi transparent sinn wéi nach viru Méint a Joeren, a muss sech hannerfroe loossen", sou de Laurent Mosar.

Angscht virum Imageschued

Tax Justice Lëtzebuerg ass a Kontakt mam briteschen Tax Justice Network, mee et gëtt nach keng offiziell Kollaboratioun. De Generalsekretär vum Patronats-Daachverband UEL, Nicolas Henckes, fënnt dat problematesch. Senger Aschätzung no ass dee britesche Reseau am Verdacht, Rücksicht op d'Interesse vun der Londoner Finanzplaz ze huelen. "Si operéiert vu London aus an huet London an hirem Rapport als läscht traitéiert an dobäi gutt opgepasst fir d'Territoirë vun der englescher Kinnegin net direkt mat anzebannen, wat net ganz éierlech ass", sou de Nicolas Henckes.

A sengen Aen géif eng enk Kooperatioun mat deem britesche Reseau bedeiten, dass déi Lëtzebuerger Initiativ fir Steiergerechtegkeet am Fong de Konkurrente vun der Lëtzebuerger Finanzplaz zegutt kënnt. Allgemeng gesäit hien de Risiko vun engem Imageschued: "Ech géif lo net weltwäit doriwwer kommunizéiere, well eis Konkurrenten dann drop sprangen an dat sou verdréien datt et herno heescht: gesitt der, mir haten Iech et jo gesot". Et soll een de Géigner vu Lëtzebuerg "net onbedéngt Munitioun gi fir géint eis ze schéissen", mengt den UEL-Generalsekretär.

Argumenter amplaz Hysterie

Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot deelt déi Suerg net: "Et soll een ophalen, all Kéiers hysteresch oder iwwerspëtzt ze reagéiere wa Lëtzebuerg kritiséiert gëtt, et soll ee selbstbewosst a mat valabelen Argumenter domat ëmgoen", fënnt de Franz Fayot.

Bis elo hunn 58 Leit aus diverse Secteuren eng "Lettre de soutien" fir Tax Justice Lëtzebuerg ënnerschriwwen. Vertruede sinn ënnert anerem de fréiere lénken Deputéierte Justin Turpel, déi gréng Partei-Co-Presidentin Françoise Folmer, an hire Parteikolleg Mike Mathias, deen am Staatsrot ass.

Gréng Vertrieder am Kollektiv

Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar ass iwwerrascht: "Et wonnert mech datt eng Rei eminent Vertrieder vun de Gréngen do vertruede sinn. Déi Gréng hu nach virun der Vakanz e Gesetz mat gestëmmt wou fënnef bis sechs ganz grousse Entreprisen hei zu Lëtzebuerg massiv Steierkadoen gemaach kritt hunn. Déi Leit mussen sech hannerfroen wéi et méiglech ass, datt eng gréng Partei esou e Projet mat duerchwénkt".

Den zweete Porte-Parole vum Kollektiv, de Luc Dockendorf hat sengersäits virun der Press präziséiert, datt déi Leit, déi Tax Justice Lëtzebuerg ënnerstëtzen,  dat an hirem eegenen Numm maachen.