Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Leihmutterschaft soll verbuede bleiwen

Avis vum Statsrot

Leihmutterschaft soll verbuede bleiwen

Véier Joer huet de Staatsrot gebraucht fir säin Avis zum Gesetzprojet iwwer d'Filiatioun. An deem Text soll ënner anerem déi sougenannte Leihmutterschaft strikt verbueden an ënner Strof gestallt ginn. Gläichzäiteg soll garantéiert ginn, datt d'Kanner net diskriminéiert ginn, déi vun enger Fra am Déngscht vun Drëtten op d'Welt bruecht ginn.

auto_stories

1 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / famveldman

Fir de Staatsrot bréngt d'Approche vun engem strikte Verbuet juristesch Problemer mat sech: mam Risiko, datt de Lien tëscht Elteren a Kand net kéint etabléiert ginn.

De President vun der parlamentarescher Justizkommissioun, de gréngen Deputéierte Charel Margue, seet d'Majoritéitsparteie géifen eng Legaliséierung vun der "Gestation pour autrui" (GPA) hei am Land weiderhi kategoresch ausschléissen.

Kanner, déi duerch eng GPA op d'Welt komm sinn, dierften awer "op kee Fall" diskriminéiert ginn. "Et kann net sinn, datt d'Kanner Konsequenzen ze spiere kréien." Dozou géifen all d'Rechter vun de Kanner zielen: d'Recht op Schoul, Kannergeld, a global Unerkennung.

"Et kënnt net a Fro, datt déi Kanner iergendwéi manner Rechter hätten ewéi anerer. Ee Kand ass e Kand zu Lëtzebuerg", esou de Charles Margue.