Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LCGB: D'Perspektive fir d'Stolwierk vu Liberty Steel zu Diddeleng nach net besser

Restrukturatioun Liberty Steel Liège

LCGB: D'Perspektive fir d'Stolwierk vu Liberty Steel zu Diddeleng nach net besser

Dem LCGB no sinn d'Perspektive fir d'Stolwierk vu Liberty Steel zu Diddeleng nach net besser. Och wann d'Faillite vun engem wichtegen Zouliwwerer aus dem Grupp elo mol vum Dësch ass, géif zu Lëtzebuerg nach ëmmer wéineg produzéiert ginn, ouni Hoffnung op eng Verbesserung.

auto_stories

1 min

Ee Problem gouf des Woch evitéiert: D'Handelsgeriicht zu Liège huet de Restrukturéierungsplang fir Liberty Steel zu Léck approuvéiert. Domat kann de belsche Sitte weider produzéieren. Allerdéngs gëtt et e Sozialplang fir 90 Salariéeën an der Belsch. Diddeleng gëtt vu Léck beliwwert.

D'Produktioun zu Diddeleng nach ëmmer staark ënnert den normale Capacitéiten, well Liberty Steel Problemer hätt, matières premièren ze kafen. Dat als Konsequenz vun der Faillite ugangs vum Joer, vun engem Creancier vu Liberty, sou Robert Fornieri vum LCGB.

D'Productioun géif just op ronn 20 Prozent lafen an et géif een op Kuerzaarbecht zeréckgräifen. D'Situatioun géif ëmmer méi schwiereg ginn, och well d'Salariée just 80 Prozent vun hirem Salaire géife kréien a well d'Kuerzaarbecht fir vill Aarbechter de Maximum vu sechs Méint erreeche géif.

E schwéiert Transitiounsjoer 2022

De Problem vun de Liquidéite wäert och d'nächst Joer weider bestoen, dem Robert Fornieri no riskéiert 2022 e schwieregt Transitiounsjoer ze ginn. Et géif momentan sou just genuch Liquiditéite ginn fir d'Salairen ze bezuelen, op laang Siicht kéint een esou awer net fonctionnéieren, sou de Robert Fornieri.

D'Developpementspläng fir d'eischt Trimester fir 2022 geifen dem aktuelle Produktiounsniveau gläichen, esou nach de Gewerkschaftler.