Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Parquet Courts - Tenderness

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Labosdirekter schwätzt vun "isoléiertem Fall"

Falsch Testresultater

Labosdirekter schwätzt vun "isoléiertem Fall"

Ee Feeler bei der Maintenance vum Labos-Ekipement huet dozou gefouert datt d'lescht Woch zéng Leit ee falscht Resultat vun hirem Corona-Test kruten. Dat erkläert den Direkter vun de Bionext-Laboen am 100,7-Interview. De Jean-Luc Dourson betount et géif sech em en "isoléierten Incident" handelen, an de Feeler wier mëttlerweil korrigéiert.

auto_stories

2 min

De Bäitrag vum Rick Mertens lauschterenplay_arrow


Eng belsch Firma mécht reegelméisseg d'Maintenance vun de Bionext-Laboen. D'lescht Woch wier et esou zu engem Feeler komm, esou de Bionext-Direkter Jean-Luc Dourson: et wier zu engem Software-Feeler komm, deen zu falschen Test-Resultater bei engem zéng Patiente geféiert hätt.

Concernéiert Leit kënnen entschiedegt ginn

An engem Courrier, den eis virläit, gëtt déi belsch Entreprise Accuramed de Feeler zou. Am Bréif heescht et, et wieren am ganzen 20 Testresultater un déi falsch Patiente geschéckt ginn.

De Jean-Luc Dourson preziséiert am 100,7-Interview, zéng Patienten hätten doduerch e Resultat kritt, dat méi spéit huet misse korrigéiert ginn. Wann doduerch e Schued fir d'Leit entstane wier, géife si entschiedegt ginn, dogéint wier ee verséchert.

De Bionext-Direkter ënnersträicht, et géif sech em en "isoléierten Tëschefall" handelen. An de Problem wier mëttlerweil behuewen. Et misst een an Zukunft awer iwwerpréiwen, datt d'Software richteg funktionéiert, sou datt et net méi zu esou engem Tëschefall kënnt.

Onkloer, ob et méi Fäll ginn

Och mat der Santé wier een an enkem Kontakt fir de Virfall ze opzeklären, esou de Jean-Luc Dourson. D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert hat gëschter virun der Press gesot et wier bei zwou Serië vun Tester zu Feeler bei de Resultater komm.

Et ass net kloer, ob domat dëse Fall bei Bionext gemengt war, oder ob et och nach an anere Laboratoirë Problemer mat den Testresultater gouf.