Regierungsbildung Däitschland: e laange Sondéierungsweekend fir d'Parteien

Eng Woch no der Bundestagswal wëllen d'Parteien de Weekend ënnerenee Sondéierungsgespréicher féieren. Den Ufank hunn haut déi Gréng an d'FDP gemaach. D'Unioun aus CDU/CSU wëll sech zwar bedeelegen, mee d'Chancen op eng Koalitioun mat hinne ginn ëmmer méi kleng.

Max Tholl (Berlin) / tt

Armin Laschet
D'Chancen, datt den Armin Laschet Bundeskanzler gëtt, ginn ëmmer méi kleng. Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler

De Moie koumen d'Parteispëtzte vun der FDP an de Gréngen zesummen, fir eng zweet Ronn Sondéierungsgespréicher. Béid Säite leien zwar ideologesch wäit auserneen, mee hunn de Mëtteg op enger Pressekonferenz ënnerstrach, datt si sech hirer Verantwortung bewosst wieren.

FDP a Bündnis90/Die Grünen wëllen Differenzen iwwerwannen

Béid Parteie stéinge fir Verännerung, wann och net ëmmer déi selwecht, sot de Robert Habeck vun de Gréngen. Seng Co-Chefin, d'Annalena Baerbock huet vun engem historesche Moment geschwat, d'Wal wier e kloren Optrag fir en neit politescht Bündnis am Land. Och de FDP-Chef Christia Lindner gesäit en Optrag fir béid Parteien, ee politeschen Opbroch ze organiséieren - trotz inhaltlechen Ënnerscheeder, zum Beispill beim Klimaschutz a bei der Steierpolitik.

Wéi hei Brécke gebaut kënne ginn, weist den Anton Hofreiter. De Virsëtzende vun der grénger Bundestagsfraktioun seet an engem Interview mat der "Rheinische Post", hie géing näischt dovun halen, eenzel Mesuren zu Konditiounen ze maachen, dat géing d'Verhandlungen erschwéieren an hirer Aufgab net gerecht ginn.

Jamaika-Koalitioun ass just e Plang B

Verbéie wëll sech zwar keng vun den zwou Parteien, mee anescht wéi nach 2017, wou d'Sondéierungsgespréicher tëschent FDP, de Gréngen an der CDU/CSU um Enn erfolleglos gescheitert waren, wëllen si de Verhandlungsstil dës Kéier verbesseren: keng Tëschestänn sollen no bausse kommunizéiert ginn, mee just nach Handfestes an dat och ganz vertraulech an am géigesäitege Respekt.

D'Gespréicher haut si just den Optakt fir e laange Sondéierungsweekend. Sonndegnomëtteg wäert d'FDP mam Walgewënner, der SPD zesummekomme fir iwwer eng Ampelkoalitioun ze diskutéieren. Kuerz drop setzen sech déi Gréng mat de Sozialdemokraten un den Dësch. Sonndegowes wëll sech d'FDP dann awer och d'Virstellunge vun den Uniounsparteien ulauschteren.

Zwee Deeg méi spéit wäerten och déi Gréng mat de Chrëschtdemokraten zesummekomme fir iwwer eng méiglech Jamaika-Koalitioun ze verhandelen. Dës ass awer just nach e Plang B, fir de Fall datt eng Ampelkoalitioun net géing reusséieren. Do mëscht sech och d'CDU no der historescher Walnéierlag keng Illusioune méi.

Unioun hält sech awer bereet

De Vizechef vun der Uniounsfraktioun am Bundestag, de Carsten Linnemann, sot am "ARD Morgenmagazin", d'Warscheinlechkeet vun enger Ampelkoalitioun wier ganz grouss. Och den CSU-Chef Markus Söder hat an der Woch schonn annoncéiert, datt den Olaf Scholz déi bescht Chance hätt, fir Bundeskanzler ze ginn.

Trotzdeem wëll d'Unioun Gespréicher féieren a sech bereethale fir eng "Zukunftskoalitioun", wéi et de Generalsekretär Paul Ziemiak nennt. An der Verhandlungsequipe vun der CDU ass och weiderhin den Armin Laschet vertrueden, obwuel et nom Waldebakel wuel parteiintern Tensioune gouf an dem "ARD DeutschlandTrend" no 60 Prozent vun de befrote CDU-Unhänger säi Récktrëtt fuerderen.

Dësem Sondage no gesinn och just 18 Prozent vun de Befroten eng Jamaika-Koalitioun als wierkleche politeschen Neiufank. 51 Prozent vertrauen hei éischter engem Ampelbündnis. Richtungsweisend Zuelen also fir e laange Weekend.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Prof Uwe Jun
Bundestagswalen

Wéi eng Koalitiounsoptioun ass déi méi warscheinlech? De Professer Uwe Jun, Politikwëssenschaftler vun der Uni Tréier, wëllt sech net festleeën: hien hält béid Optioune fir méiglech.

Armin Laschet Kommentar
Däitschland

En historesch schlecht Walresultat, net méi stäerkste politesch Kraaft am Land: fir d'Unioun war d'Bundestagswal en Desaster. Den Armin Laschet wëllt trotzdeem Kanzler ginn. Wéi passt dat zesummen?

Berliner Runde
Däitschland

No der Wal an Däitschland koumen gëschter Owend d'Parteispëtzten zesummen, fir d'Resultater anzeuerdnen. Zwou Parteien hunn d'Rudder an der Hand: wie maachen déi Gréng an d'FDP zum Kanzler?

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Programmchef/fin

    radio 100,7

    Den Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Programmchef/fin mat engem Aarbechtsvertrag op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen