Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kulturell Fräiheeten

Fräie Mikro

Kulturell Fräiheeten

Wa probéiert gëtt, Konscht aus nationalisteschen oder rassistesche Grënn, awer och politescher Iwwerkorrektheet e Maulkuerf unzedinn, muss eis Gesellschaft reagéieren a fir déi kulturell Villfalt kämpfen, mengt den Frank Schroeder, Direkter vum Resistenzmusée am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

Am Kontext vun der Meenungsfräiheet sollte kënschtleresch Ausdrocksforme besonnesch geschützt sinn, an et Kënschtler méiglech sinn, deels och méi extrem Point de Vuen anzehuelen. Natierlech kann dowéinst Drock op Kënschtler, op kulturellen Acteuren, Institutiounen an Organisateure laaschten. Mee deem misste si kënne widderstoen.

Den Drock ka vu ganz verschiddene Säiten, mat ënnerschiddleche Motivatioune kommen. An de leschte Wochen hunn déi éischt Episode vu "Rings of Power" an den Trailer vun "The little Mermaid" fir Opreegung gesuergt, well rassistesch motivéiert Zäitgenossen net verdroen, datt Elfen, Hobbits a Mierjongfrae vu Schauspiller mat donkeler Hautfaarf gespillt ginn.

Appropriation culturelle als Enn vun der Kreativitéit

Hinne géintiwwer sti Moralapostelen a Leit, déi politesch iwwerkorrekt sinn. Och do kënnen absurd Diskussiounen entstoen. An da gëtt schonn emol vergiess, datt dem historeschen Auteur Karl May seng Winnetou-Bicher virun 130 Joer geschriwwe goufen, an eng fiktiv Welt duerstellen. Wa mir probéieren, eis heiteg Krittären op vergaangen Epochen dropzeschloen, da géife vill Muséeën eidel, vill Bicher verbrannt, an aus all réimeschen Amphitheater eng Gedenkstätte gemaach ginn.

En anert Beispill sinn déi puer - natierlech extreem mediatiséiert - Ofsoe vu Concerte mat wäisse Museker, déi wéinst hirer Rastafrisur ugeklot ginn, "appropriation culturelle" ze maachen - obschonn Dreadlocks net aus Jamaika stamen, mee zënter Joerdausenden op alle Kontinenter virkommen. Wann d'Konzept vun der "appropriation culturelle" sech géif duerchsetzen, wier dat d'Enn vun all Kreativitéit.

Konscht muss kënne kritesch sinn a provozéieren

Ech hunn de Verdacht datt esou Diskussiounen - och déi ronderëm d'Documenta zu Kassel - dacks e Produkt vun der wäisser, westlecher Welt sinn. Natierlech si Klischeeën op Käschte vu Minoritéite schwéier ze erdroen, an natierlech sollen et Limitte ginn. Wa Konscht a Kultur awer net méi däerfe kritesch sinn a provozéieren, da sinn déi eenzeg, déi sech bestätegt fillen a profitéieren Extremisten, Nationalisten an Diktatoren.

De Moment stellt am lëtzebuergesche Resistenzmusée een englesche Kënschtler aus, deen a Frankräich lieft, dee südafrikanesch Wuerzelen a jiddesche Grousselteren aus Litauen huet, an deen zënter bal 30 Joer eng wäertvoll Sensibiliséierungs- a Memoiresaarbecht par Rapport zum Genozid am Ruanda mécht ... An dat ass gutt, wichteg a richteg esou.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.