Radioen

On air

De Weekend  |  Porches - Mood

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik wéinst Ofrappe vu Keeseminnen

Keeseminnen

Kritik wéinst Ofrappe vu Keeseminnen

De Mouvement Ecologique an déi Lénk Esch bedaueren, datt d'Bierger net iwwer d'Ofrappaarbechte vun de Keeseminnen informéiert goufen. Am 100,7-Interview kritiséiert de Marc Baum an de Francis Hengen, dee selwer Member vun der Bautekommissioun zu Esch ass, eng grouss Intransparenz.

auto_stories

2 min

D'Gemeng zu Esch-Uelzecht. Foto: Archiv

Virun engem Joer hätten d'Bierger sech an engem Workshop um Projet Rout Lëns kéinte bedeelegen, erkläert de Francis Hengen vum Mouveco. Deemools wier schonn op d'Wichtegkeet vum Erhale vun de Kesseminnen opmierksam gemaach ginn. Mee e Suivi vun dëse Workshoppen hätt et ni ginn, bedauert de Member vun der Bautekommissioun.

"Wann dat festgehale ginn ass, dann hätt d'Gemeng missten op d'Leit duergoen a mat hinne schwätzen. Dat ass awer net geschitt. An op eemol läit dann d'lescht Joer eng Ofrappgeneemegung vir."

Bautekommissioun war net informéiert

D'Bautekommissioun selwer wier net informéiert ginn, wéi am August d'lescht Joer d'Autorisatioun fir d'Keeseminnen ofzerappen ausgestallt gouf. Deemools hätt an der Kommissioun just d'Modifikatioun vum PAG um Ordre du jour gestanen.

Dat ass den offizielle Wee gaangen, d'Autorisatioun fir d'Keeseminnen ofzerappen ass opgehaange ginn op der Plaz. Mee sou wichteg Saache wéi dat doten, dat soll een anescht kommunizéieren. Och de komplette Plang vum Projet wier bis haut nach net ëffentlech gewise ginn, bedauert de Francis Hengen.

"Zanter zwee Joer gëtt ëmmer vun engem ganz flotte Projet geschwat. Et gëtt an der Kommissioun mëndlech gesot, datt dat en Eco-Projet gëtt, ganz vill op Ekologie gesat gëtt. An ech hu gefrot: kann ech dat da mol selwer gesinn? Ma dee Plang, dee PAP, ass bis haut nach net do. "

Datt de Bauteschäffe Martin Kox dëse Februar, also nodeems d'Ofrappgeneemegung scho gutt sechs Méint laang do war, an engem Tageblatt-Interview gesot huet, datt d'Keeseminnen net ofgerappt ginn, mee just Asbest sanéiert ginn, kënnen déi zwee sech net erklären. De Francis Hengen kann déi Ausso vum Martin Kox net novollzéien. "Do muss iergendeng Verwiesslung geschitt sinn."

De Martin Kox hat gëschter op Nofro hi gesot, datt d'Stad Esch sech haut wéilt zum Projet ronderëm d'Keeseminnen äusseren. Dat ass bis ewell nach net geschitt.