D'Europäesch Kommission proposéiert ee Grenzwäert, deen zéng Mol ënnert deem aktuelle läit. Schonn am Oktober zejoert hat d'Europaparlament ee Wäert gefuerdert, dee nach emol zéng Mol méi niddereg ass.
Tilly Metz: Kommissioun handelt am Sënn vun der Industrie
All Asbest ass toxiesch, sou déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz
"Wat déi Fiberen méi dense sin, wat de Risiko méi héich ass, datt ee Kriisb kritt, dat heecht an där Hinsich si mer net zefridde mat där Propositioun well mer rem an deem Szenario sinn, dat mer éischter d'Industrie kuerzfristeg wëlle schützen aplaz d'Gesondheet vun den Aarbechter."
Berechnungen hätten awer gewissen, datt een duerch een nach méi strenge Wäert um Gesondheetsplang net vill gewanne géif, entwert dorop de Nicolas Schmit, den EU-Kommissär fir Aarbecht a Soziales.
Nicolas Schmit: Mir hun eng praktikabel Léisung gesicht
"Eppes ze proposéieren, wat am Endeffekt net een direkten Impakt huet, eventuell awer héisch Käschte mat sech bréngt, war net de Wee, dee mer wollte choiséieren."
De proposéierte Wäert wier iwwerdeems d'Limite vun deem wat aktuell nach moossbar ass, stellt d'Kommissioun an hirem Text fest.
"Wa mir soen datt all Asbest kribserregend ass, da musse mer eis d'Moyenen ginn, fir dat och kënnen exakt ze mossen. A wa mer dat haut net kënnen, dat kënne mer dat awer vläicht an kuerzer Zukunft", seet dozou d'Tilly Metz.
D'Kommissioun hätt sech näischt vun den Entreprisen virschreife gelooss, präziséiert nach de Nicolas Schmit
"Hei gouf et keen Drock, hei ass eben gekuckt fir Léisungen ze fannen déi praktikabel sinn"
Fir datt déi nei Direktive a Kraft triede kann, mussen d'Memberlänner an d'Europaparlament jo soen - si si lo um Tour hir respektiv Positiounen auszeschaffen.