Radioen

On air

Notturno  |  Maybel - Long Road Ahead

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik u Noutstandsgesetzer op der Grenz mat Belarus

EU-BAUSSEGRENZ

Kritik u Noutstandsgesetzer op der Grenz mat Belarus

D'EU-Kommissioun proposéiert extra Mesuren, fir Polen, Litauen a Lettland ze hëllefen, mat de Refugiéen op der Grenz mat Belarus eens ze ginn. Eng Partie Europadeputéiert, ONG'en an den UNHCR mëlle Bedenken un. Och Lëtzebuerg ass skeptesch.

auto_stories

4 min

Foto: unsplash

An Däitschland gouf den englesche Begrëff "Pushback" als "Unwort" vum Joer 2021 gewielt. Dem Jury no gëtt duerch dat Wuert ee mënschefeindleche Prozess verharmlost: nämlech d'Ofweise vu Leit, déi op der Flucht sinn a fir déi et onméiglech ass, vun hirem Grondrecht op Asyl Gebrauch ze maachen.

Esou "Pushbacks" sinn am Fong an der EU illegal - an awer gehéiere se den Ament op der Baussegrenz mat Belarus zum Alldag. D'Europäesch Kommissioun ass bis elo net géint dee Verstouss géint EU-Gesetzer virgaangen. Am Contraire, si huet ufangs Dezember den dräi concernéierten EU-Länner Litauen, Lettland a Polen méi labber Asyl-Reegelen proposéiert. Déi stousse net nëmmen am Europaparlament op Kritik.

Kommissioun: Situatioun op der Grenz huet sech entspaant

D'Propos vun der Kommissioun ass vum 1. Dezember, si baséiert op dem Artikel 78.3 vum EU Traité, dee seet, datt wann ee Land mat engem onerwaartenen Undrang vu Ressortissanten aus Net-EU-Länner ze dinn huet, provisoresch Mesurë kënne geholl ginn.

An dësem Fall proposéiert d'Kommissioun, datt bestëmmte Reegele fir d'Asylprozedur vereinfacht ginn: Dozou gehéieren Derogatiounen bei der Detentioun, zum Beispill d'Aspäre vu Refugiéen a provisoresche Campen a vereinfacht Prozeduren fir d'Retouren.

Dat alles fir Polen, Litauen a Lettland ze hëllefen, besser mat de Refugiéen eens ze ginn, déi vum belarusseschen Regimm op d'Grenz geschéckt ginn.

Wéi vill et der genee komm sinn, ass net genee gewosst, et gëtt geschat, datt sech der bis zu 20.000 a Belarus ophalen. E puer Dausend hu probéiert iwwert d'Grenz ze goen. Dobäi koumen "Médecins sans frontières" no iwwer 20 Leit ëm d'Liewen.

"D'Situatioun huet sech däitlech entspaant", huet déi fir d'Migratioun zoustänneg EU-Kommissärin Ylva Johansson den Europadeputéierten en Donneschdeg erkläert. "Et gëtt just nach wéineg Grenziwwertrëtt, wéineg Versich, iwwert d'Grenz vun der EU ze kommen."

Europadeputéiert: Grondrecht op Asyl ass a Gefor

Firwat brauch een dann iwwerhaapt nach esou Noutfall-Reegelen? froe sech eng Partie Europadeputéiert, wéi zum Beispill d'Sylvie Guillaume vun de franséische Sozialisten

"Quand on regarde l'évolution de la situation, est-ce qu'on est vraiment certain, qu'il est toujours utile de mettre en oueuvre cette proposition, qui crée un précédent dangereux et de mon point de vue inutile? Est-ce qu'il ne serait pas plus judicieux de faire avancer les textes en cours en apportant des solutions pratiques aux états membres et en garantissant le respect des droit fondamentaux dont le droit à l'asyle?"

Och d'Sophie in 't Velt stellt sech Froen iwwert d'Urgence.

"Wa mer just iwwer e puer Dausend Leit schwätzen, firwat sollt d'Europäesch Unioun net kapabel sinn, sech dorëms ze këmmeren? Fir wien ass déi Propose eigentlech geduecht? Sécher net fir d'Réfugiéen, an dem Här Lukasehenko wäert se och zimmlech egal sinn, firwat also?"

Extrawurscht fir Ostlänner?

Hannert där Fro steet de Verdacht, datt d'Stëmm vun de Länner un der Ostgrenz vun der EU méi Gewiicht huet, wéi déi vun deenen am Süden, déi scho laang eleng mat vill méi Refugiéen ze dinn hunn.

Am kléngen Zypern kommen den Ament déi meescht un.

D'Länner op der Grenz mat Belarus awer si mat enger staatlecher Attack konfrontéiert, sou de Marguaritis Schinas, Vizepresident vun der Europäescher Kommissioun. Dowéinst wieren extra Reegelen ubruecht:

"D'Asylrechter ginn hei duerch net opgehuewen. D'Regelen si voll kompatibel mam Traité, si sinn op sechs Méint limitéiert a si betrëffe just déi dräi Länner."

D'Vertrieder vum Daachverband vun de Flüchtlingsorganisatiounen, déi vun der Europäescher Agence fir Grondrechter a vum NO-Flüchtlingsrot bleiwe skeptesch. Virun allem en Vue vun der aktueller Situatioun, wéi d'Vertriederin vum UNHCR, Sophie Magennis, betount.

"Et gëtt weider Pushbacken an aner Violatiounen vu Mënscherechter un der EU-Grenz mat Belarus. Den UNHCR an aner Organisatiounen hu nach ëmmer keen Accès an de Grenzregiounen a Polen, Litauen an Lettland. Obwuel mer dat widderhuelt ugefrot hunn."

D'Europäesch Kommissioun als déi Institutioun, déi iwwert d'Anhalen vun EU-Gesetzer waacht, muss hei aktiv ginn a legal Prozeduren - dat fuerderen Europadeputéiert zanter laangem wéi déi Gréng Tineke Strik.

"Dir kënnt net Noutfall-Gesetzer maachen an gläichzäiteg akzeptéieren, datt ëmmer nees géint d'Asylrecht verstouss gëtt."

Keng legal Prozedur trotz Pushbacks

D'Äntwert vun der Kommissioun dorop ass widderspréchlech. "Mir hu kloer Hiweiser dofir, datt hei géint EU-Recht verstouss gëtt", seet d'Ylva Johansson. "Legal Prozedure ginn da lancéiert, wann d'Kommissioun genuch Beweiser huet, déi dat justifiéieren", fënnt awer den Margaritis Schinas.

Wat d'Propose fir d'Noutstandsgesetzer ugeet, berifft hie sech op d'Memberlänner. Si haten d'Kommissioun gefrot, esou eng Propose auszeschaffen.

Déi 27 EU-Länner sinn den Ament am gaangen d'Propose z'ënnersichen. Lëtzebuerg gehéiert zu deenen, déi Bedenken ugemellt hunn. Si betreffen ënner anerem d'Konditiounen vum Accueil, de Respekt vum Grondrecht op Asyl an dem Prinzip vum Non Refoulement.

Den nächsten Donneschdeg soll an deem Kader weider doriwwer diskutéiert ginn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.