Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Gabriels - Glory

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik u gréngem Label fir Gas an Atom wiisst

Gréng Finanzen

Kritik u gréngem Label fir Gas an Atom wiisst

Lëtzebuerg huet zesummen mat Éisträich, Spuenien an Dänemark an engem Bréif un d'Kommissioun Oppositioun ugemellt. Kritik kënnt och aus dem Europaparlament a vun der Experte Plattform fir nohalteg Finanzen.

auto_stories

3 min

Soll Atomenergie als nohalteg klasséiert ginn? D'EU-Kommissioun hat dës Propos gemaach. Foto: Bigstock / Yuri Hoyda

Lauschterenplay_arrow


Bis e Freideg haten d'Memberlänner Zäit, op d'Propos vun der Europäescher Kommissioun fir déi sougenannten Taxonomie ze reagéieren. Bréissel hat jo den 31. Dezember virgeschloen, Atom a Gas ënner bestëmmte Konditiounen an dat Klassement vu nohaltegen Investissementer opzehuelen.

Déi Propos ass op Kritik gestouss, ënner anerem bei der Lëtzebuerger Regierung. Och am Europaparlament gëtt et Oppositioun, derbäi koum elo och een negativen Avis vun enger Experte-Plattform.

Negativen Avis vun der Plattform fir nohalteg Finanzen

D'"Plattform fir nohalteg Finanzen" huet bei der Opstellung vun der Taxonomie gehollef a war vun der Kommissioun ëm een Avis gefrot ginn, zu hirer Propos, Atom a Gas an dat Klassement opzehuelen. Den Avis ass nach net public, der Financial Times no fält en awer éischter negativ aus. D'Experten verlaangen, deemno, datt d'Konditioune fir Gas méi streng gemaach ginn, bei Atom hätte si prinzipiell Bedenken, sou déi brittesch Dageszeitung.

D'Kommissioun wollt dorop op eis Nofro net reagéieren. Op hirem Dësch läit och schonn ee Bréif aus dem Europaparlament, ënnerschriwwe vun de Presidente vun der Ëmwelt- an der Wirtschaftskommissioun. Si froen eng ëffentlech Consultatioun a kritiséieren, datt Co-Législateuren an dësem Prozess net implizéiert waren.

EU-Kommissioun wëllt Text sou séier wéi méiglech adoptéieren

Op dee Bréif géif een äntweren, genee ewéi op déi aner Reaktiounen, sot den Daniel Ferrie, Spriecher vun der Kommissioun.

"Nous sommes en train de consulter les États membres, le Parlement européen et la plateforme sur les finances durables. Après cette consultation, qui se termine aujourd'hui à minuit, nous allons adopter cet acte délégué aussi rapidement que possible."

Dat kéint eisen Informatioune schonn dee nächste Mëttwoch geschéien. Dono hunn d'Memberlänner an d'Europaparlament véier Méint Zäit, den Text entweder gutt ze heeschen, oder ze refuséieren.

Dozou, ob d'Kommissioun prett ass, nach eppes drun ze änneren, sot den Eric Mamer, Chefspriecher vun der Kommissioun:

"La Commission étudiera ces commentaires avant de mettre sur la table sa proposition, mais ce n'est ni le lieu ni le moment pour discuter de l'analyse que fait la Commission des commentaires qu'elle peut recevoir de part et d'autres."

Lëtzebuerg huet zesumme mat Éisträich, Spuenien an Dänemark an engem Bréif un d'Kommissioun Oppositioun ugemellt. Doran heescht et, Gas an Atom an déi Taxonomie opzehuelen, géif net op wëssenschaftlechen Erkenntnisser baséieren an d'Utilitéit an d'Credibilitéit vun deem Finanzinstrument u sech a Fro stellen.