Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Krisebonus

Etat de la Nation

Krisebonus

Fir den Impakt vun der Corona-Kris ofzefiederen ass d'Regierung bereet weider staatlech Gelder auszeginn. Dat huet déi blo-gréng-rout Regierungskoalitioun gëschter mat der Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Xavier Bettel däitlech gemaach. Et wéilt ee keng Austeritéit. D'Regierung huet am Fong gëschter ëm e Vertrauensvirschoss gefrot. Mee se muss sech bewosst sinn, datt se um Enn vum Dag muss liwweren, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.

auto_stories

2 min

Den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck

De Xavier Bettel a seng 16 Ministerkolleege profitéiere grad vun engem Krisebonus. Si hunn déi sanitär Kris déi lescht Méint net perfekt geréiert, mee si hunn och net alles falsch gemaach. Et gouf séier genuch reagéiert fir eng Iwwerlaaschtung vun de Spideeler ze evitéieren, an no der éischter Well Enn Mäerz/Ufank Abrëll ass de Verlaf vun der Epidemie net méi derapéiert. Lëtzebuerg steet generell manner schlecht do wéi anerer. Mat gefëllte Staatskeesen huet een e Virsprong op Länner, an deenen et schonn an normalen Zäite u Moyene feelt fir den Trottoir ze flécken, e Spidol ze bauen oder Sozialtransferten ze maachen.

Datt eng Regierung, an där d'DP als liberal Partei stäerkste Kraaft ass, net probéiert séier op Spuermesuren zeréckzegräife fir d'Staatsfinanzen ze sanéieren, berouegt an dësen Zäiten. Generell huet de soss éischter opgereegte Premier gëschter probéiert ze dedramatiséieren. Anescht wéi a sengen éischte Spuer-Rieden nom Regierungsuntrëtt am Joer 2013 huet hie souguer probéiert et positiv ze deiten, datt d'ëffentlech Finanzen dëst Joer "just" mat engem Defizit vu 4,4 Milliarden Defizit ofschléisse kéinten am Plaz vun de 5 Milliarden, vun deenen een nach méi fréi am Joer ausgaangen ass.

D'Regierung bleift Äntwerte schëlleg

Allerdéngs sinn déi nächst Chamberwalen eréischt 2023 virgesinn, a bis dohin ass d'Regierung nach vill Äntwerte schëlleg. D'Ëmweltkris, mat engem dramatesche Réckgang vun der Biodiversitéit an ëmmer méi Menacen duerch de Klimawandel, bleift eng vun de gréissten Erausfuerderungen iwwerhaapt. An d'Konsequenze vun de sanitärer Kris wäerten och nach no ville Léisunge ruffen. De Chômagetaux klëmmt, eng ganz Partie Leit riskéieren nach méi den Uschloss ze verpassen. Donieft hu mer eng Logementskris, déi fir d'Kohesioun an der Gesellschaft a souguer fir d'Stabilitéit vun der Ekonomie eng grouss Gefor ass: Et ass e Problem, wa bis iergendwann just nach déi kënnen iwwerdeiert Haiser an Appartementer kafen, déi selwer duerch hir Famill oder fréier Keef a Verkeef en Deel vum Schnéiball-System sinn.

De Koalitiounsaccord geet méiglecherweis net méi duer

2021 gëtt fir d'Koalitioun tëschent DP, LSAP an déi gréng dofir sécher keen einfacht Joer. Datt déi dräi Parteie grad bei méi wäitreechende Mesuren dacks Schwieregkeeten hu fir e gemeinsamen Nenner ze fannen, mécht et nach méi komplizéiert. Vläicht war et grad dofir als klenge Rappell à l'ordre ze verstoen, datt de Premier gëschter sot, d'Majoritéit stéing nach ëmmer strikt hannert dem Koalitiounsaccord vun 2018. Just, datt d'Äntwerten aus deem Accord méiglecherweis net méi duer ginn.