De Wahlprogramm vun der KPL

“Mir hu vill Fuerderungen, déi ouni grouss gesellschaftlech Ännerungen, mä mam néidege politesche Wëllen ëmzesetze sinn”, esou den Ali Ruckert, President vun der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg. D’KPL huet hire Wahlprogramm den 29. August presentéiert. D’Oppositiounspartei ass fir eng Hausse vun der Kierperschaftssteier a fir eng Steier op Dividenden. D’Verméigenssteier sollt rëm agefouert ginn. Mat dësen neie budgetäre Mëttele wëllen d’Kommunisten e.a. de Mindestloun em 20% eropsetzen, de Bildungsbudget em 30 Prozent hiewen oder de Bau vu 40.000 Locatiounswunnéngen iwwer 5 Joer ënnerstëtzen. Och soll eng minimal Indextranche vu 70 Euro agefouert ginn. Wirtschaftspolitesch versprécht d'KPL d' Schafe vun enger grousser staatlecher Bedeelegungsgesellschaft an eng demokratesch Kontroll vun alle strategesche Secteure vun der lëtzebuerger Économie.

Lauschtert de Bäitrag vum Michel Delage:

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen