KPL: Europa-Wahlprogramm

D’Europawahlen de 25. Mee gesäit de KPL-President net als en Test fir d’Regierung un. Déi blo-rout-gréng-Koalitioun huet villes ugekënnegt mee nach näischt gema, sozial Grausamkeeten hält se fir no de Wahlen, esou den Ali Ruckert haut am 100,7-Interview.

Op hirem Landeskongress gëschter zu Esch huet d’Kommunistesch Partei de Wahlprogramm guttgeheescht. Doranner géif een d’Ofschafung vun enger EU fuerderen, déi d’Interesse vum Grouss- a Finanzkapital géif vertrieden, d’Aarbechtsrecht wéilt dereguléieren, Sozialofbau géif bedreiwen an di militäresch Oprüstung wéilt opzwéngen.

Den Interview vum Michel Delage mam Ali Ruckert:

 

D'Kandidaten vun der KPL sinn den Ali Ruckert, de Zénon Bernard, d'Catarina Fernandez Ribeiro, den Alain Herman, d'Nadine Pizzaferri an d'Marceline Waringo.

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen