Radioen

On air

De Moien  |  Isobel Campbell - 4316

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kontradiktoresch Aussoen iwwert Krecké-Rapport

LuxLeaks

Kontradiktoresch Aussoen iwwert Krecké-Rapport

De Jean-Claude Juncker seet hien hätt d'Säiten iwwert d'Steier-Rulingen aus dem Krecké-Rapport ni gesinn. Den Auteur vum Rapport, de fréiere Minister Jeannot Krecké, seet awer hien hätt dem deemolege Premier Juncker an enger anerer Persoun déi Säiten gewisen.

auto_stories

3 min

De fréiere Premier Juncker sot de Moien am Europaparlament hien hätt de Passage iwwert d’Steier-Rulingen aus dem “Krecké-Rapport” ni gesinn. Deem widdersprécht de Jeannot Krecké am 100,7-Interview: “Ech hunn zwee Leit dat Dokument ginn, an dorënner ass de Jean-Claude Juncker. Mee en huet dat vläit och net an deem Mooss gelies.” Dat entsprécht deem, wat de Jeannot Krecké och schonn am November 2014 sot.

Op engem anere Punkt sinn déi zwee Politiker sech awer Eens: Et wier de Jeannot Krecké selwer gewiescht, deen decidéiert hätt d’Steier-Rulingen a sengem Rapport vu 1997 iwwer Steierhannerzéiung zu Lëtzebuerg net z’erwähnen. An zwar fir international Kritik am Virfeld vun der Lëtzebuerger EU-Semesterpresidence ze verhënneren.

Europadéputéiert wëllen de ganze Rapport

Den EU-Kommissiounspresident Juncker gouf haut zu Bréissel vun der Spezialkommissioun gehéiert, déi sech an der Suite vun de Luxleaks-Revelatioune mam Problem vun der Steier-Optimiséierung vu multinationale Konzerner beschäftegt. Am Kader vun där Enquête fuerdere verschidden Europadeputéiert den Accès zur kompletter Versioun vum Krecké-Rapport. Dozou huet de Jean-Claude Juncker sech net geäussert. Amplaz huet hien erkläert: “Ech wousst net, datt et déi Säit gouf, bis zum Zäitpunkt wéi den Här Krecké et an engem Zeitungs-Interview sot, hien hätt eng Säit aus sengem Rapport net an den offizielle Rapport geschriwwen.” Hien hätt den Auteur vum Rapport och net opgefuerdert, déi Säit virun der Publikatioun erauszehuelen, “well ech wosst jo och net, datt et esou eng Säit géing ginn”.

Hien hätt de Jeannot Krecké gëschter ugeruff fir ze froen, wéi dat deemools gaange wier, esou de Juncker virum EU-Parlament. De fréieren LSAP-Minister hätt him geäntwert: “D’Regierung huet net verlaangt, datt ech déi Säit dem Rapport net bäifügen. Dat war meng Entscheedung.” Dat hat de Jeannot Krecké och am November d’läscht Joer esou am 100,7-Interview gesot. An hie bleift haut bei där Ausso.

Audio:

De Jean-Claude Juncker zum Krecké-Rapport am EU-Parlament de 17. September:

 

 

De Jeannot Krecké am Gespréich mam Pia Oppel: