Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Herbie Hancock - Watermelon Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kontakter ginn net méi all ugeruff

Corona-Pandemie

Kontakter ginn net méi all ugeruff

Well d'Zuel vun neien Infektiounen mam Coronavirus an de leschten Deeg därmoosse staark an d'Luucht gaangen ass, wier de Contact-Tracing net méi mat där selwechter Akribie méiglech wéi an der Vergaangenheet, seet d'Dr. Anne Vergison, d'Cheffin vun der Inspection sanitaire, déi fir den Tracage zoustänneg ass.

auto_stories

1 min

D'Dr. Anne Vergison ass zanter Kuerzem Cheffin vun der Inspection sanitaire

An den allermeeschte Fäll ginn elo just nach déi infizéiert Persoun an hir enkst Kontakter direkt vun der Santé ugeruff. Wat déi aner Kontakter ubelaangt, gëtt de Corona-Infizéierte selwer gefrot déi unzeruffen, datt si sech an Autoquarantän beginn. Bis ewell waren et d'Leit vum Contact-Tracing, déi d'Kontakter ugeruff hunn.

Fir déi Leit an der Autoquarantän géif et keng Urgence ginn, seet d'Dr. Anne Vergison, och wa si dann e puer Deeg net kéinten op d'Aarbecht goen. Vill Employeuren hätte Versteesdemech fir déi aktuell Situatioun, an et kéint een dacks déi néideg Dokumenter och noreechen. Wa Leit, déi an der Autoquarantän sinn, Dokumenter vun der Santé bräichten, da géife si déi och geschéckt kréien.

Wat d'Suitte vun der Kris ubelaangt, mengt d'Dokter Vergison net, datt ee laanscht nei Restriktioune kënnt. Et kéint schwiereg ginn, wann een d'Kontakter net limitéiert an d'Sécherheetsmesuren an d'Luucht schrauft. D'Zuel vun de positive Fäll géif exponentiell an d'Luucht goen an och an de Spideeler wieren ëmmer méi Better beluecht.